Frontispice

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Frontispiz)
Frontispice vun der Introductio in Geographiam Universam vum Philipp Clüver, 1686 (Archiv Gymnasium Langenberg)

De Frontispice (franséisch: frontispice = Viischtsäit, aus lat. frontispicium vu frons: Kapp (Vir), spicere: kucken), ass eng Illustratioun, déi op der Titelsäit, awer och heiansdo op der zweeter oder drëtter Säit vun engem Buch ass.

D'Frontispice-Säit – sou heescht bis haut am Beräich vun der Dréckerei d'Säit vis-à-vis vun der Titelsäit – ass bei neie Bicher dacks net gedréckt, bei Biographien oder Konschtbänn ass meeschtens e Bild drop, z. B. mat engem Portrait vum Auteur.

Bei wëssenschaftlechen Editiounen, Reien oder Wierkeditioune kënnen op där Säit och Informatiounen iwwer déi ganz Rei stoen.

Bei munnechen Täschebicher stinn op deene Säiten Donnéeën iwwer d'Buch, den Auteur a seng aner Publikatiounen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Frontispice – Biller, Videoen oder Audiodateien