Frédéric Clasen

Vu Wikipedia
Frédéric Clasen
Gebuer 5. Abrëll 1840
Gréiwemaacher
Gestuerwen 30. August 1918
Gréiwemaacher
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter, Lokalpolitiker
Famill
Papp Antoine Clasen
Mamm Elisabeth Reinard
Kanner Joseph Clasen, Bernard Clasen

De Frédéric (Friedrich Heinrich) Clasen (genannt Fritz)[1], gebuer de 5. Abrëll 1840 zu Gréiwemaacher an do gestuerwen den 30. August 1918[2], war e lëtzebuergeschen Dokter a Lokalpolitiker.[3]

D'Elteren[änneren | Quelltext änneren]

Dem Fritz Clasen säi Papp war den Antoine Clasen, de Brudder vum Schoulmeeschter Nicolas Clasen. Hie war Geschäftsmann zu Gréiwemaacher, wou hien de 24. Mee 1800 op d'Welt koum an de 14. Juli 1847 gestuerwen ass. D'Mamm war d'Elisabeth Reinard (Rheinhardt), e Baueremeedchen, 1811 zu Mënjecker gebuer an 1881 zu Gréiwemaacher gestuerwen.[4]

De jonken Dokter[änneren | Quelltext änneren]

De Fritz Clasen huet 1861 säi Maturitéitsexamen am Atheneum gepackt.[5] Dono huet hie Medezin studéiert. Säin Exame fir Dokter an der Medezin ze ginn huet hien den 8. November 1867 bestanen.[6] Op der offizieller Lëscht vum 30. Dezember 1867 vun de Persounen, déi zu Lëtzebuerg am Beräich vun der Medezin zougelooss sinn, figuréiert de Fritz Clasen als Dokter zu Gréiwemaacher.[7] Den Exame fir Dokter an der Chirurgie an der Gebuertshëllef huet hien am Juli 1868 gemaach.[8]

Et heescht, datt de Clasen als Medezinsstudent wärend der Choleraepidemie vun 1866 zu Gréiwemaacher gehollef hätt.[9] Sécher ass, datt hien ee vun deene lëtzebuergeschen Doktere war, déi sech am Franséisch-Däitsche Krich vun 1870/1871 ëm déi blesséiert Zaldote gekëmmert hunn.

Asaz am Franséisch-Däitsche Krich vun 1870/1871[änneren | Quelltext änneren]

Den 19. Juli 1870 huet Frankräich dem Kinniksräich Preisen de Krich erklärt. Am neutralen Groussherzogtum Lëtzebuerg ass den 20. Juli 1870 de „Comité central de secours aux militaires blessés“ offiziell konstituéiert ginn, dee sech als lëtzebuergesch Sektioun vum Internationale Roude Kräiz verstanen huet. Dëse Comité huet eng ganz Rei vun Expeditiounen vu lëtzebuergeschen Dokteren, Apdikter, Medezinsstudenten asw. organiséiert, déi an de franséischen oder däitschen Nopeschgebidder deene blesséierten Zaldoten Hëllef sollte leeschten.[10]

Zu Saarbrécken[änneren | Quelltext änneren]

Den Dr. Clasen war bei der éischter Expeditioun dobäi, déi de 7. August 1870, den Dag no der bluddeger Schluecht vu Spicheren, a Richtung Saarbrécken opgebrach ass. Si sinn den 8. August zu Saarbrécken ukomm. De Clasen krut den Opdrag, sech ëm déi Blesséiert ze këmmeren, déi an der „Bierhalle“ louchen. Wéi et do ausgesinn huet, huet hien esou beschriwwen: « Dans cette salle vaste et bien aérée se trouvaient couchés sur la paille 37 blessés qui avaient été privés de soins médicaux depuis le pansement provisoire sur le champ de bataille. » 21 vun hinne waren däitsch an 16 franséisch Zaldoten.[11]

Zu Remilly an zu Tréier[änneren | Quelltext änneren]

De 14. August 1870 ass de Clasen zeréck op Gréiwemaacher geruff ginn. De 15. August war hien erëm zu Saarbrécken, vu wou hien op Remilly geschéckt gouf, wou hien de 16. August ukomm ass, a wou an deem Moment nëmme just ee Militärdokter fir ronn 250 Blesséierter zur Verfügung stoung. De Clasen ass bis de 27. August zu Remilly bliwwen. An deem Zäitraum waren ongeféier 6.000 Blesséierter op Remilly transportéiert ginn. Well an der Tëschenzäit eng Rei vun zivillen a militäreschen Dokteren do ukomm waren, konnt de Clasen Remilly verloossen.[11]

Knapps doheem krut hien allerdéngs d'Noricht, seng Hëllef wier zu Tréier verlaangt. Den Dag dono, den 28. August, ass hien dohinnner gefuer. Hie gouf an d'Sankt-Barbara Spidol am Tréirer Viruert Sankt-Barbara geschéckt. Donieft huet hien och déi 120 bis 140 Patiente vun enger Ambulanz, déi an der Sankt-Maximin-Kasär installéiert war, behandelt. Déi meescht Blesséiert waren Zaldote vun der franséischer Arméi, déi no der Kapitulatoun vu Metz a Gefaangeschaft geroden a virun allem op Tréier evakuéiert gi waren. De Clasen ass bis den 20. Dezember 1870 am Tréirer Spidol bliwwen, wou wärend sengem Openthalt 253 Blesséierter an 53 soss krank Patiente behandelt gi sinn.[11],[12]

Member vum Collège médical[änneren | Quelltext änneren]

De Clasen war Member vun der Société des sciences médicales. Den 12. Abrëll 1882 gouf hie Member vum Collège médical, wou hien de verstuerwenen Dokter Jean-Baptiste Knaff ersat huet.[13] Hie war och Member vum „Conseil supérieur du corps médical“.

Member vum Maacher Gemengerot[änneren | Quelltext änneren]

Den Dr. Clasen wier eng laang Zäit Schäffe vun der Stad Gréiwemaacher a wärend engem Joer Buergermeeschter ff. gewiescht, huet et 1918 am Noruff vum „Wort“ geheescht.[14]

Bei de Gemengewale vum 25. November 1872 huet hie fir d'éischt kandidéiert[15] an ass gewielt ginn.[16]. Als Member vum Maacher Gemengerot huet hien uganks Abrëll 1873 e Bréif un d'Regierung mat ënnerschriwwen, an deem de Gemengerot fir d'Ubanne vu Gréiwemaacher un d'Eisebunnsnetz plaidéiert huet.[17] Den 22. Abrëll 1873 ass de Clasen zum Schäffen avancéiert.[18]

Am Oktober 1875 huet hien zesummen mam August Keiffer als Schäffen demissionéiert.[19] Am August 1876 gouf de Maacher Gemengerot opgeléist, well en esou zerstridde war, datt en net méi fonctionéiere konnt.[20] Bei de Wale vum 12. September 1876 gouf de Clasen erëmgewielt.[21] Am November 1876 gouf de Veterinär Jean Eichhorn (1820-1879) Buergermeeschter,[22] als Nofollger vum Victor Schoren, deen hien zënter dem Oktober 1875 als Buergermeeschter ff. ersat hat, eng Charge déi virun him och de Clasen scho wärend enger Zäit iwwerholl hat.[23]

Bei de Wale vum November 1878 gouf de Clasen nees gewielt.[24] Den 10. Mäerz 1880 gouf hien op en Neits Schäffe vun der Stad Gréiwemaacher an den Händler Joseph Keiffer (1840-1914)[25] Buergermeeschter.[26] Am Laf vum Joer 1883 huet de Clasen eng länger Zäit de Buergermeeschter ersat.[27] Bei de Wale vum Oktober 1884 ass de Clasen net gewielt ginn.[28]

Auszeechnungen an Éierenämter[änneren | Quelltext änneren]

De Fritz Clasen war Chevalier am preisesche „Kronenorden“ (1872) an am lëtzebuergeschen « Ordre de la couronne de chêne » (1894).[13],[29]

Am Abrëll 1894 gouf hie Member vum Maacher Kiercherot;[30] spéider gouf hie President vun der Kierchefabrick.[31]

Den Hobby-Wënzer[änneren | Quelltext änneren]

De Clasen hat e Wéngert am „Merlberg“ (Märelbierg) zu Gréiwemaacher. Vum Januar 1915[13] u bis zu senger Demissioun am Juli 1918 war hie Member vun der Wäibaukommissioun; hie gouf do duerch säi Jong Bernard Clasen ersat.[32]

Dem Fritz Clasen zu Éieren a well den Numm Clasen mat der Geschicht vum Haus verbonnen ass, huet déi lëtzebuergesch Kellerei Bernard-Massard[33] de Crémant „Cuvée Dr Fréderic Clasen” (Clos des Rochers)[34] op de Maart bruecht.

De Familljepapp[änneren | Quelltext änneren]

Den 30. Juni 1875 huet sech de Fritz Clasen zu Iechternach mat der Anna Maria Margaretha genannt Maria Foehr (Föhr) bestuet. Si war den 28. September 1846 zu Iechternach gebuer an d'Duechter vun der Christina Zimmer (1811-1873) an dem Metzler an Aubergiste Barthelemy Foehr (1811-1880),[35] dem Propriétaire vum „Hôtel du Cerf“. D'Koppel Clasen-Foehr hat dräi Kanner:

Dem Fritz Clasen seng Fra Maria ass den 20. Januar 1885 zu Gréiwemaacher gestuerwen.[39]

D'Maria Foehr hat als jonkt Meedchen de Victor Hugo begéint, deen den 18. September 1865 zu Iechternach am „Hôtel du Cerf“ iwwernuecht huet. A sengem Carnet huet den Dichter notéiert: « Avant le dîner nous allons voir la place,[40] et entendre une musique de la garnison. – Sur mon assiette, je trouve ma serviette pliée en forme de cygne par la jeune fille [très jolie] de l'aubergiste, avec ce mot sur une carte : au poëte. » Et gëtt ugeholl, datt et sech bei der „jeune fille“ ëm dem Hotelier säi jéngst Meedchen, also d'Maria, handelt, dat deemools 19 Joer al war.[41]

Ronn sechs Joer nom Doud vu senger éischter Fra huet de Fritz Clasen sech den 9. Dezember 1891 zu Gréiwemaacher fir d'zweet bestuet, an zwar mat senger Schwéiesch, der Lucie Foehr. Si war den 22. Mäerz 1843 zu Iechternach gebuer an ass de 5. Oktober 1908 zu Gréiwemaacher gestuerwen.[42]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Clasen, F. & E, Knaff, 1917. Käsevergiftung? Bulletin de la Société des sciences médicales de Luxembourg, S. 33-35.
  • Knaff, E. & F. Clasen, 1917. Wurstvergiftung? Bulletin de la Société des sciences médicales de Luxembourg, S. 37-40.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Arendt, O., A. Gnaba, J. Menegalli & J. Rudoni, 2018. Histoires de familles : 10 familles luxembourgeoises, 10 success-stories entrepreneuriales : Clasen, Ehlinger, Ernster, Giorgetti, Grosbusch, Heintz van Landewyck, Hentgen, Lentz, Muller, Weber-Heinisch. Maison Moderne, Luxembourg, 175 p.
  • Barthel, C., 2014. Au service de l'humanité: histoire de la Croix-Rouge luxembourgeoise : 1870 - 1914 – 2014. Croix-Rouge, Luxembourg, 349 p.
  • Bourg, T. & F. Wilhelm, 1985. Le Grand-Duché de Luxembourg dans les Carnets de Victor Hugo. RTL Edition, Luxembourg, 344 S.
  • Calmes, C., 1970. Le Luxembourg dans la guerre de 1870. Impr. Saint-Paul, Luxembourg, 673 p.
  • Joris, J., 1888. Une page d'histoire du Grand-Duché de Luxembourg 1867-1872. J. Beffort, Luxembourg, 436-IV p.
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Eigenverlag, Luxemburg, S. 1-652 [Fr. H. Clasen, S. 248-250].
  • Liez, N., 1886. Dictionnaire avec des notices biographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Impr. Vve M. Bourger-Blum, Luxembourg, 167 S.
  • Schmit, P., 1871. Oeuvre de la Croix Rouge. Rapport sur les services rendus par le corps médical luxembourgeois dans la guerre de 1870 à 1871. Bulletin de la Société des sciences médicales du g.-d. de Luxembourg 1871, S. 1-43.
  • Webers, T., 2017. Familienbuch der Gemeinde Echternach (1796–1923). Gemeinde Echternach & luxracines asbl (Hrsg.), 751 S.
  • Wort, 1918a. Lokales. Grevenmacher, 30. Aug. Luxemburger Wort 1918-08-31, S. 3, Nr. 243 [Noruff].[20]
  • Wort, 1918b. Avis mortuaire. Monsieur le docteur Frédéric Clasen, médecin. Luxemburger Wort 1918-08-31, S. 3, Nr. 243.[21]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Obermosel-Zeitung 1935-06-06, S. 2 († Bernard Clasen).[1]
  2. Luxemburger Wort 1918-08-31, S. 3 (Avis mortuaire).[2]
  3. Liez 1886, S. 23; Kugener 2005; Luxroots; Wort 1918 a,b.
  4. Luxroots.
  5. Obermosel-Zeitung 1893-08-25, S. 2 (Grevenmacher, 25. August).
  6. Liez 1886, S. 23; Kugener 2005, S. 248.
  7. Mémorial (II) 1868, N° 1, S. 1ss. (Liste générale des personnes autorisées à exercer une branche quelconque de l'art de guérir ou une profession qui s'y rattache).[3]
  8. Laut der Lëscht am Mémorial vun 1903 hätt hie säin Diplom den 3. Juli 1868 kritt; an där Lëscht steet iwwregens e falsche Gebuertsdatum: 5.5.1840 aplaz 5.4.1840 (Mémorial 1903, N° 11, S. 135 (Liste générale des personnes autorisées à exercer dans le Grand-Duché une branche de l'art de guérir ou une profession qui s'y rattache).[4] — Laut dem Liez 1886 wier deen Examen den 11. Juli 1868 gewiescht; dat ass éischter zweifelhaft, well de Clasen sech op deem Dag schonn an enger Annonce an der Press als „praktischer Arzt, Chirurg und Geburtshelfer, wohnhaft in Grevenmacher“ virstellt (L‘Union 1868-07-11, S. 4.[5]
  9. Kugener 2005, S. 248 a S. 250.
  10. Schmit 1871; Joris 1888, S. 192ss.; Calmes 1970, S. 109ss.; Barthel 2014, S. 14ss.
    Kuck och: L'Indépendance luxembourgeoise 1872-02-07, S. 2, N° 38 (Composition du comité central luxembourgeois de secours aux militaires blessés).[6]
  11. 11,0 11,1 11,2 Schmit 1871, S. 11-17.
    Kuck och: L'Indépendance luxembourgeoise 1872-02-08, S. 2-3, N° 39 (Composition du comité central luxembourgeois de secours aux militaires blessés). [7]
  12. Kuck och: Rapport sur les services rendus par le corps médical luxembourgeois dans la guerre de 1870 à 1871.
    L'Indépendance luxembourgoise 1872-02-16, S. 2, N° 46 ;[8]
    L'Indépendance luxembourgoise 1872-02-17, S. 2-3, N° 47.[9].
  13. 13,0 13,1 13,2 13,3 13,4 Kugener 2005.
  14. Wort 1918a.
  15. Luxemburger Wort 1872-11-23, S. 2 (Grevenmacher, 21. Nov.)
  16. L'Indépendance luxembourgeoise 1872-12-01, S. 2 (Grevenmacher, 28 novembre).[10]
  17. L'Indépendance luxembourgeoise 1873-04-10, S. 2-3, N° 100
  18. Mémorial (II) 1873, N° 21, S. 134 (Avis)
  19. Mémorial (II) 1875, N° 52, S. 338-339 (Avis).[11]
    L'Indépendance luxembourgeoise 1875-11-03, S. 3, N° 304.[12]
  20. Mémorial 1876, N° 57, S. 537 (Arrêté royal grand-ducal du 22 août 1876, portant dissolution du conseil communal de la ville de Grevenmacher).[13]
  21. L'Indépendance luxembourgeoise 1876-09-13, S. 2
  22. Mémorial 1876, N° 72, S. 668 (Avis)
  23. Zivilstandsregëstere 1875 an 1876 vun der Gemeng Gréiwemaacher.
  24. Luxemburger Wort 1876-12-06, S. 2, Nr. 285
  25. J. Welter, 1992. Maacher Bërger vu fréier. Gearchiveerd op 2020-09-08. Gekuckt de(n) 2020-06-18.
  26. Mémorial 1880, N° 19, S. 223 (Administration communale)
  27. Obermosel-Zeitung 1883-03-03, S. 3.[14]
    Obermosel-Zeitung 1883-08-25, S. 4.[15]
  28. Obermosel-Zeitung 1884-10-29, S. 2
  29. Mémorial 1894, N° 38, S. 510
  30. Obermosel-Zeitung 1894-04-19, S. 2 (Grevenmacher, 19. April)
  31. Wort 1918b.
  32. Obermosel-Zeitung 1918-08-06, S. 2 (Amtliches)
  33. Bernard-Massard, Grevenmacher.
    Arendt et al. 2014, S. 17-31.
  34. Cuvée Dr Clasen.
  35. Luxroots; Webers 2017, S. 171.
  36. Wilhelm, F., 1991. Si Echternach m'était conté… (21): Souvenirs inédits de l'écrivain Marcel Noppeney. Die Warte 1991-10-17, Nr. 27, S. 1.
  37. Obermosel-Zeitung 1935-06-06, S. 2 († Bernard Clasen), S. 3 (Avis mortuaire).[16]
    Jules Mersch, 1967. La famille Ransonnet. Biographie nationale du pays de Luxembourg 15, S. 63-64.[17]
  38. Kugener 2005; Luxroots; Luxemburger Wort 1919-05-09, S. 2 (Doudesannonce).[18]
  39. Kugener 2005; Luxroots.
  40. Place du Marché.
  41. Bourg & Wilhelm 1985, S. 65-66.
    Kuck och:
    Wilhelm, F. 1985. Victor Hugo et l'hôtellerie luxembourgeoise. Die Warte 1985, Nr. 20 (11. Juli), S. 1 a S. 3.
    Wilhelm, F., 1998. Echternach vu par des écrivains francophones. Nos Cahiers 19 (2-3), S. 158-160.
    Massard, J.A., 2007. Vom wilden Bruder des blauen Hirschs: Der Rothirsch in Luxemburg, einst und jetzt. Lëtzebuerger Journal 2007-12-07, Nr. 236, S. 21.[19]
  42. Kugener 2005, Luxroots. — Dem Clasen seng Fra Lucie Foehr ass net ze verwiesselen mat hirer Tatta Lucie Foehr (1807-1887), der Fra vum Dokter Jean-Mathias Mayrisch (cf. Webers 2017, S. 170).