Funiculaire Pafendall-Kierchbierg

Vu Wikipedia
Seelbunn
Pafendall-Kierchbierg
2 Kabinnen an der ieweschter Statioun (Okt. 2017)
Zuel vu Seelbunnen 2
System Zweekabinnesystem mat
Abt-Weichen
Streckelängt 200 m
Pente 19,7 %
Héichtendifferenz 40 m
Vitess 7 m/s
Dauer vum Trajet 63 s
Standzäit 105 s
Kabinnen
Zuel 4
Dimensiounen Längt
Breet
Héicht
11,8 m
3,5 m
(variabel) 2,6 m - 4,7 m
Eidel Mass 18 t
Plazen 140 (normal)
168 (maximal)
Constructeur Doppelmayr-Garaventa

D'Seelbunn Pafendall-Kierchbierg besteet aus zwou sougenannte Standseelbunnen, déi zanter dem 10. Dezember 2017 de Pafendall mam Kierchbierg verbannen, an déi vun der CFL gebaut goufen a bedriwwe ginn.

D'Streck leeft lénks nieft der Rouder Bréck a Richtung Kierchbierg gekuckt, an huet als Haaptzweck, d'Gare Pafendall-Kierchbierg an den Uelzechtdall mat der Tramshalt Rout Bréck - Pafendall vum Stater Tram uewen um Plateau ze verbannen, a sou de Kierchbierg mam ëffentlechen Transport méi einfach zougänglech ze maachen.

D'Weiche vun den zwou Seelebunne sinn an engem Tunnel, op hallwer Héicht vum Hank.

D'Kabinne vun der Seelbunn fueren an 63 Sekonnen erop- oder erof a stinn dann 105 Sekonnen. Well et zwou Seelbunne mat 4 Kabinne sinn, fiert ronn all Minutt eng Kabinn fort. An där Zäit, wou se steet, kënne maximal 168 Leit (normal: 140) an d'Kabinn respektiv aus der Kabinn klammen. Deemno kënne pro Kabinn bis zu 3.600 Persounen d'Stonn transportéiert ginn.[1]

Well op der Streck vun der Seelbunn Beem hu missen ewechgeholl ginn, goufen Ufank 2016 op engem Terrain zu Bierchem eng 2200 jonk Routbuchen als Kompensatiounsmoossnam geplanzt. D'Zuel vun de geplanzte Beem gouf no engem Punktesystem festgeluecht. D'CFL bleift sechs Joer zoustänneg fir den Ënnerhalt vum jonke Bësch.[2]

Mëtt Mäerz 2017 goufen d'Kabinne vun der Schwäizer Firma Garaventa geliwwert.[3]

Den 10. Dezember 2017 gouf de Funiculaire, zesumme mat der Linn T1 vum neie Stater Tram an der Gare Kierchbierg-Pafendall, a Betrib geholl.

Passagéier[änneren | Quelltext änneren]

Dat éischt Joer, wéi de Funiculaire a Betrib war, sinn eppes Klengs iwwer 1,5 Millioun Passagéier dermat transportéiert ginn.[4]

No 5 Joer Betrib huet den Transportministère d'Gesamtzuel vun de Passagéier op 7,5 Millioune chiffréiert, wat enger Moyenne vu 4.100 Leit den Dag entsprécht. Wiertes léich d'Passagéierzuel an der Dagesmoyenne bei enger 7.000.[5]

Entwécklung vum Schantjen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Funiculaire Pafendall-Kierchbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Arrêt Kirchberg-Pfaffenthal (Pont Rouge)." Presentatioun vum Projet, zesumme mat der neier Gare, op der Websäit vum Ministère fir Nohalteg Entwécklung an Infrasturktur, 02-03-2015 (gekuckt: 08-01-2016).
  2. Anen, N., 2016. Etwa 2200 Bäume in Berchem gepflanzt. Der grüne Daumen der CFL. Kompensationsmaßnahme für das Seilbahnprojekt zwischen Pfaffenthal und Kirchberg. Luxemburger Wort vum 12. Februar 2016, S. 24.
  3. Der "Funiculaire" ist da op wort.lu vum 21. Mäerz 2017
  4. "Iwwer 1,5 Millioune Passagéier bannent engem Joer." rtl.lu; 11.12.2018, 16:49:28.
  5. "7,5 Millioune Leit hunn zënter der Ouverture de Funiculaire geholl." rtl.lu, 19.01.2023.