Op den Inhalt sprangen

Gérard Cravatte

Vu Wikipedia
Gérard Cravatte
Gebuer 17. Januar 1900
Iechternach
Gestuerwen 14. Mäerz 1967
Bréissel
Nationalitéit Lëtzebuerg

De Gérard Cravatte, gebuer de 17. Januar 1900 zu Iechternach, gestuerwen de 14. Mäerz 1967 zu Bréissel[1] an um Nikloskierfecht begruewen, war e Lëtzebuerger Ingenieur, President vun der Société minière de Bakwanga „Miba“ an Administrateur vu verschiddene Gesellschaften am Belsche Kongo.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

1922 huet hien de Virdiplom am Maschinnebau op der Technescher Héichschoul Berlin - Charlottenburg mit Distinctioun bestanen. 1924 goung hien an de Kongo an huet fir d'Société Internationale Forestière et Minière du Congo. Forminière[2] geschafft, déi am Gebitt Kasai Diamanteminnen exploitéiert huet. 1932 huet hien zu Lëtzebuerg d'Margot Picard bestuet. Zesumme fuere si an de Kongo, wou hien am selwechte Joer Generalmanager fir Afrika vun der Forminière gouf. Niewent der Supervisioun iwwer d'Minnen, war hien och am Bau vun Haiser an Gesondheetszentren engagéiert.

1959 gouf hien Direkter vun der Société minière du Bécéka, der Mammegesellschaft vun der Forminière an der Belsch.

Wärend dem Onofhängegkeetsmouvement 1960 am Kongo huet de Cravatte de Patrice Lumumba bekämpft. Mat finanzielle Mëttelen huet hie versicht d'Parlamentswalen ze manipuléieren. Im August 1960 huet d'Forminière beschloss den neie Staat Süd-Kasai ënnert der Féierung vum Albert Kalonji finanziell z'ënnerstëtzen a sech vum Kongo ofzesplécken. E korrupte Regime, deen déi belsch ekonomesch Interesse vertriede sollt, gouf sou agefouert. De Cravatte huet d'Folter duerch de Kalonji-Regime toleréiert a Waffen a Süd-Kasai geliwwert. Am Dezember 1961 war d'Sezession vun dësem Staat eriwwer. E puer Joer méi spéit huet de Kalonji zu Lëtzebuerg gelieft.

Affiche vum Theaterstéck "Gérard Cravatte"

Theaterstéck[änneren | Quelltext änneren]

E kritescht satirescht Theaterstéck, dat d'Richtung22 zesumme mat Lëtz Rise Up am Oktober 2021 am Théâtre du Centaure uropgefouert huet, setzt sech mat dem Lëtzebuerger Direkter vun der weltwäit bedeitendster Diamanteminn auseneen. De Gérard Cravatte huet 1960 am Kongo d'Wale manipuléiert, Kanner bewaffnet, Attentater géint de Premier bezuelt, säin eegene Staat gegrënnt an d'Land an de Biergerkrich gestierzt. Dëst Theaterstéck wollt de Versuch sinn, en onbekannt Kapitel vun der Lëtzebuerger Kolonialgeschicht opzeschaffen.

Gielercher[1][änneren | Quelltext änneren]

  • Médaille de l'Effort de Guerre 1940-1945
  • Chevalier de l'Ordre Royal du Lion
  • Chevalier de l'Ordre de la Couronne
  • Officier de l'Ordre Grand-Ducal de la Couronne de Chêne
  • Commandeur de l'Ordre Léopold II

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Doudesannonce vum Gérard Cravatte. Luxemburger Wort (16. 3. 1967). Gekuckt de(n) 7. 1. 2023.
  2. Société Internationale Forestière et Minière du Congo. Forminière. Gekuckt de(n) 7. 1. 2023.

Am Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht war vum 8. Abrëll bis de 6. November 2022 eng Ausstellung iwwer d'kolonial Vergaangenheet vu Lëtzebuerg ze gesinn.