Op den Inhalt sprangen

Gérard Schockmel

Vu Wikipedia
Gérard Schockmel
Gebuer 9. Mäerz 1961
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée Hubert-Clément,
Universitéit vu Léiwen,
Universitéit Wien,
Medizinische Hochschule Hannover,
University of Oxford,
Universitéitsspidol Zürich,
Universitéitsspideeler vu Genève
Aktivitéit Dokter, Fuerscher, Politiker
Partei Demokratesch Partei

De Gérard Alphonse Schockmel, gebuer den 9. Mäerz 1961, ass e lëtzebuergeschen Dokter, Fuerscher a Politiker (DP).

Berufflech Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems de Gérard Schockmel seng Première 1981 zu Esch am Lycée Hubert-Clément gemaach hat, huet hie säi Studium 1981-1982 op der Université catholique de Louvain ugefaangen. Vun do aus goung hien op Wien, wou en 1988 säin Doktertitel an der Medezin (MD) krut. No engem Joer vun experimenteller Fuerschung (1986-1987) op der Medizinische Hochschule Hannover ass hien op d'Universitéit Oxford gaangen (1988-1992) wou hien an der molekularer HIV-Fuerschung aktiv war a säi Studium mat engem Fuerschungsdoktorat ofgeschloss huet (Ph. D.).

De Gérard Schockmel ass e Spezialist fir Infektiounskrankheeten esouwéi an der Médecine interne. Hien huet sech a senger Fuerschung gréisstendeels mat RNA-Vire beschäftegt, haaptsächlech op den Universitéite vun Oxford a Genève. Am Laboratoire fir Virologie vun den Universitéitsspideeler vu Genève war hien un der Entwécklung vun engem héichsensibelen Test fir d'Detektioun vun HIV-RNA am Plasma bedeelegt, deen duerno den internationale Standard fir de Management vun der antiviraler Therapie bei HIV-infizéierte Persoune gouf.

De Gérard Schockmel huet e puer Joer vu senger Karriär an der pharmazeutescher Industrie geschafft, absënns zu Basel bei der F. Hoffmann-La Roche AG a bei Basilea Pharmaceutica.

Zu Lëtzebuerg war hien an den Hôpitaux Robert Schuman responsabel fir de multidisziplinäre Laboratoire a fir d'Unitéit vun der Infektiounspreventioun.

Wärend der Covid-19 Pandemie hat de Gérard Schockmel reegelméisseg Optrëtter op der Televisioun an um Radio. Hie gouf allgemeng bekannt duerch seng Bäiträg a seng Webinare mat de Schwéierpunkten Impfung, Preventioun, Diagnos a Behandlung.

Politesch Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

2023 huet hie fir d'Chamberwale kandidéiert a gouf fir d'DP am Bezierk Zentrum an d'Chamber gewielt.

Causa Schockmel

[änneren | Quelltext änneren]

Mat sengem Gaaschtbäitrag Wie der Feminismus die Abtreibungs-Debatte beherrscht am Luxemburger Wort vum 11. Oktober 2025 huet de Gérard Schockmel eng hefteg politesch a gesellschaftlech Debatt iwwer de Feminismus provozéiert. Hien huet de moderne Feminismus als eng “rücksichtslos Ideologie” bezeechent, déi d'Frae géint d'Männer géif opstëppelen, d'Gesellschaft polariséieren, radikaliséiere géif an de sozialen Zesummenhalt a Gefor brénge géif. Dëse Feminismus hätt déi systematesch Diskriminéierung vum Mann als Zil.[1] Iwwer seng Positioun, ob d'Ofdreiwung an d'Verfassung stoe komme soll oder net, gouf wéineg diskutéiert.

Reaktiounen aus der Politik an der Ëffentlechkeet koumen direkt. Nach de selwechten Dag verëffentlecht d'Wort Reaktioune vun der Parteikolleeginnen Yuriko Backes, Corinne Cahen, Stéphanie Empain, Barbara Agostino a Colette Mart, der Francine Closener, der Taina Bofferding, déi mam Fanger op d'Buch Das Gespenst des Feminismus gewisen huet a sot: „Där wäert äech nach wonneren, wéi dat ären Horizont wäert erweideren. Säit de 60er-Joren huet eis Gesellschaft sech weiderentwéckelt.“. Och de Marc Baum, den David Wagner, de Sven Clement, d'Isabelle Wiseler an d'CSF – Fraen an der CSV hunn den Artikel als respektlos vis-à-vis vun de Frae bezeechent.[2][3][4] D'Parteipresidentin Carole Hartmann huet sech an hirer Positioun attackéiert gefillt[5].

De 14. Oktober reagéieren d'Plattform JIF an de Conseil national des femmes du Luxembourg mat engem Pressecommuniqué mam Titel Le féminisme est un humanisme.[6] Och de Planning familial huet déi antifeministesch Argumenter aus dem Artikel ofgeleent.[7]

Journalistinnen a Journalisten hunn dem Gérard Schockmel seng Aussoen als fraefeindlech a geféierlech an Zäite vun autoritären Tendenze bezeechent, resp. als “Karikatur vun engem männerhassendem Feminismus”.[8][9][10]

Déi Gréng hu fir den Ufank vun der neier Sessioun virun der Chamber Pins mam Slogan „Ech si Feminist” verdeelt fir no den “toxeschen Äusserungen“ vum DP-Deputéierten en Zeechen am Numm vum Feminismus ze setzen.[11]

An engem Sträitgespréich freet d'Sam Tanson “Här Schockmel, dir fillt iech vu Frae bedrot”. De Gérard Schockmel huet gesot, datt hien no deem Bäitrag Affer vun engem Tsunami vu Feindséilegkeete gi wier. De Feminismus géif haut esou wäit goen, dass en a Form vun enger Staatsrelioun optriede géif. De Feminismus wier Exekutiv a Legislativ zugläich.[12]

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Wie der Feminismus die Abtreibungs-Debatte beherrscht. wort.lu [€] (11.10.2025). Gekuckt den 08.12.2025.
  2. Nadine Schartz, Reaktionen auf Gastbeitrag, Gérard Schockmel und „das Gespenst des Feminismus“. wort.lu (11.10.2025). Gekuckt den 08.12.2025.
  3. Debatte um Abtreibung, Gérard Schockmel zieht Kritik auf sich. reporter.lu [€] (13.10.2025). Gekuckt den 08.12.2025.
  4. Julian Dörr, Editorial: Einstiegsdroge Antifeminismus: Über die gesellschaftlichen Konsequenzen von Gérard Schockmels Äußerungen. tageblatt.lu [€] (15.10.2025). Gekuckt den 08.12.2025.
  5. Florian Javel, Nach Schockmel-Gastbeitrag, „Ich fühle mich in meiner Position als Carole Hartmann attackiert“. wort.lu [€] (13.10.2025). Gekuckt den 08.12.2025.
  6. Communiqués de presse de la plateforme JIF et du CNFL. https://cid-fg.lu(14.10.2025).Gekuckt den 08.12.2025.
  7. Recht auf Abtreibung, Das „Planning familial“ stellt sich den antifeministischen Argumenten von Schockmel entgegen. tageblatt.lu [€] (13.10.2025). Gekuckt den 08.12.2025.
  8. Tessie Jacobs, Antifeminismus: Empörung ohne Inhalt. woxx.lu (14.10.2025). Gekuckt den 08.12.205.
  9. Florian Javel, Gérard Schockmel ist das nächste Promi-Fiasko der DP. wort.lu [€] (13.10.2025). Gekuckt den 08.12.2025.
  10. Ines Kurschat, Freiheit bedeutet unbequeme Meinungen zuzulassen. wort.lu [€] (17.10.2025). Gekuckt den 08.12.2024.
  11. Grüne setzen mit feministischer Aktion ein Zeichen zur Rentrée. wort.lu [€] (14.10.2025). Gekuckt den 08.12.2025.
  12. Nadine Schartz, Florian Javel, Sam Tanson und Gérard Schockmel, Streitgespräch: „Herr Schockmel, Sie fühlen sich von Frauen bedroht“. wort.lu [€], Luxemburger Wort, S. 2-3 (21.11.2025). Gekuckt den 08.12.2025.
  • Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: perséinlech Informatioune vum Titulaire