Gérard Thill
| Gérard Thill | |
|---|---|
| Gebuer |
13. Mäerz 1925 Brühl |
| Gestuerwen |
17. November 2025 Lëtzebuerg |
| Alter | 100 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun | Athénée de Luxembourg |
| Aktivitéit | Historiker |
| Auszeechnungen | Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg |
|
| |
De Gérard Thill, gebuer den 13. Mäerz 1925 zu Brühl, a gestuerwen de 17. November 2025 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Professer, Archeolog, Historiker, Auteur a fréiere Muséesdirekter.
De Gérard Thill gouf no sengem Universitéitsstudium an der Reussite vun der Collation des grades Geschichtsprofesser am Secondaire. Seng Thees (1952) huet sech mat der Opléisung vum Stater Helleg-Geescht-Klouschter ënner dem Joseph II. (18. Jh.) beschäftegt.
1964 huet hien d'Nofolleg vum Josy Meyers als Direkter vum Nationalmusée um Fëschmaart an der Stad iwwerholl. Hien huet d'archeologesch Servicer vergréissert an d'Gruewunge staark gefërdert, besonnesch déi virgeschichtlech (Eisenzäit) an déi gallo-réimesch, wéi zu Giewel, Nouspelt, Steesel, Tëtelbierg, Duelem, asw. Hien huet och d'Bezéiungen zu auslännesche Kolleegen, Spezialisten a Fuerschungsinstituter ausgebaut.
Zanter 1965 ass de Gérard Thill Membre effectif vun der Section des Sciences historiques vum Institut grand-ducal. Im Joer 1979 gouf hien zum Dr. honoris causa an der Universitéit vum Saarland ernannt.
1990 ass en a Pensioun gaangen. Zanterhier ass hien Éierendirekter vum Musée national d'histoire et d'art.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Matthias Paulke, Prof. Dr. h.c. Gérard Thill - zum 90. Geburtstag; in: Archaeologia luxemburgensis, 2, 2015; Ss. 8-13.; ISSN 2354-5526.
Publikatiounen (Iwwerbléck)
[änneren | Quelltext änneren]- Vor- und Frühgeschichte Luxemburgs ; Bd. I vum Handbuch der Luxemburger Geschichte in vier Bänden, für die Klassen des Sekundarunterrichts im Großherzogtum Luxemburg; Lëtzebuerg (Bourg-Bourger), 1973 (= 1. Oplo); 1977 (= 2. verbessert Oplo).
- Les époques gallo-romaine et mérovingienne au Musée d'Histoire et d'Art; Lëtzebuerg, 1972 (2. Oplo).
- Le couvent du Saint-Esprit; in: Hémecht, 1963; Ss. 169-219.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1973)[2]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Michel Polfer: "Gérard Thill zum 100. Geburtstag." nationalmusee.lu (Quell: MuseoMag N° II - 2025).
- Museumsdirektor und Archäologie-Pionier Gérard Thill ist tot, wort.lu, 21.11.2025
- Noruff op der Säit vum Institut fir Vor- und Frühgeschichte, Universitéit vum Saarland, 23.11.2025
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Familljenannonce am Luxemburger Wort vum 20.11.2025
- ↑ IN UNSERER REPORTAGE VON POL ASCHMAN „GIELERCHER“ op der Säit 3 vum Luxemburger Wort vum 17. Juli 1973 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 24. Dezember 2022
