Géza Wertheim

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Géza Wertheim
Gebuer 3. Juli 1910
Capellen
Gestuerwen 10. August 1979
Bad Dürkheim
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Tennisspiller

De Géza Wertheim, gebuer den 3. Juli 1910 zu Capellen a gestuerwen den 10. August 1979 zu Bad Dürkheim (Rheinland-Pfalz)[1], war e lëtzebuergesche Bobfuerer, Tennisspiller an Olympionik.[2]

Den 10. Oktober 1934 huet hien duerch Optioun déi Lëtzebuerger Nationalitéit krut.

1936 huet hie bei den Olympesche Wanterspiller 1936 zu Garmisch-Partenkirchen am Zweer-Bob mat sengem Bäifuerer Raoul Weckbecker matgemaach. Si koumen op déi 22. Plaz viru Frankräich.

Zesumme mam Gaston Wampach huet hien 1947 zu den zwéin éischten Tennisspiller gehéiert, déi Lëtzebuerg beim Davis Cup vertrueden hunn. Zu Bréissel koum et zu enger 5 - 0 Nidderlag géint d'Belsch. Hien huet bis 1957 an der lëtzebuergescher Davis Cup Ekipp gespillt.

Vun 1963 bis 1965 war hie President vun der Fédération luxembourgeoise de tennis.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Géza Wertheim op sports-reference.com
  2. De Géza Wertheim op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'