Günter Herrmann (Foussballspiller 1939)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Soccer stub.svg Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Günter Herrmann
Gebuer 1. September 1939
Tréier
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Foussballspiller
Veräin Karlsruher SC, FC Schalke 04, Däitsch Foussballnationalequipe, Karlsruher SC
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Günter Herrmann, gebuer den 11. September 1939 zu Tréier, ass en däitsche Foussballspiller op der Mëttelfeld-Positioun[1].

Den Herrmann huet seng Profiscarrière 1955 am Foussballclub Eintracht Tréier ugefaangen. Vun 1959 bis 1963 huet hien am Karlsruher SC gespillt, an duerno war hie vun 1963 bis 1967 am FC Schalke 04, vun 1967 bis 1968 ërem zu Karlsruhe, a vun 1968 bis 1975 wéi en opgehalen huet mat spillen, war hie beim Schwäizer FC Sion[1].

Vun 1960 bis 1967 war hien am Kader vun der däitscher Foussballnationalequipe. Den Haapttrainer Sepp Herberger hat grouss Hoffnunge fir den Herrmann, awer hat de Spiller net genuch Ambitioune fir d'Carrière an der Nationalequipe, a sou huet hie just néngmol am Team gespillt[2].

De Günter Herrmann wunnt mat senger Fra am Schwäizer Kanton Valais. Hien huet och als Entrepeneur geschafft[2].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 https://www.transfermarkt.com/gunter-herrmann/profil/spieler/95103
  2. 2,0 2,1 https://www.volksfreund.de/sport/fussball/eintracht-trier/was-macht-eigentlich--guenter-herrmann_aid-5423068