G. Bond (Moundkrater)
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) G. Bond)
|
De Krater G. Bond an Ëmgéigend (LROC-WAC) | |
| Koordinaten | 32°23'24"N, 36°19'12"O |
|---|---|
| Duerchmiesser | 19,1 km |
| Déift | 2.780 m |
| Selenographesch Längt | 324° bei Sonnenopgank |
| Genannt no | George Phillips Bond |
| Moundvéiereck | LQ05 |
Den G. Bond ass en Aschlagkrater op der nordëstlecher viischter Moundsäit. Hie läit südlech vum Krater Hall um südleche Rand vum Lacus Somniorum. Westlech a südlech leeft d'Moundrill Rima G. Bond.
| Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
|---|---|---|---|
| A | 31,56° N, 36,84° O | 9 km | |
| B | 29,88° N, 34,68° O | 32 km | |
| C | 28,27° N, 34,72° O | 47 km | |
| G | 32,72° N, 37,27° O | 29 km | |
| K | 32,11° N, 38,32° O | 12 km |
De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom amerikaneschen Astronom George Phillips Bond (1825–1865) genannt.