Op den Inhalt sprangen

GREng National Bewegung

Vu Wikipedia
Versioun vum 18:53, 5. Sep. 2017 vum Melouresbot (Diskussioun | Kontributiounen) (eng Source ass eng Quell op Lëtzebuergesch using AWB).
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'GREng National Bewegung oder Greng Nationalbewegung[1], spéider op National-Bewegong ëmgenannt[2], kuerz NB, war eng rietssextrem an nationalistesch Partei, déi de 5. Mee 1987 zu Téiteng gegrënnt gouf[3], an där hir Statuten den 21. September 1987 am Mémorial publizéiert goufen.[4][5]

D'Partei huet un de Chamberwalen an de Joren 1989 an 1994 deelgeholl, si krut awer ni e Sëtz. Am Dezember 1995 gouf d'Organisatioun opgeléist, si soll deemools eng 1.300 Membere gehat hunn.

Déi rietsextrem an nationalistesch Ideologie ass speziell an de Joren 1994 an 1995 duerch sou Spréch wéi "Ech si stolz Lëtzebuerger ze sin" oder "Lëtzebuerg de Lëtzebuerger"[6] opgefall.

Literatur

  • Blau, Lucien, 2005. Histoire de l'extrême-droite au Grand-Duché de Luxembourg au XXe siècle. Éditions Le Phare, Esch-Uelzecht. 2. Oplo (1. Oplo 1998). ISBN 2-87964-034-2.

Referenzen an Notten

  1. An de Statuten gëtt och nach den Numm Greng Nationalbewegung benotzt.
  2. Quell: däitschsproocheg Wikipedia: http://de.wikipedia.org/wiki/National-Bewegong
  3. Grënnungsmembere waren de Pierre Peters, Patrick Birchem a Marc Peffer.
  4. Cf. S. 519 ff. "L'extrême-droite des années 80-90" in Blau 2005 an der Literatur.
  5. Am Memorial ënner "NATIONAL BEWEGONG" agedroen. Well vun 1987, sinn d'Statuten um Sitt legilux.lu nach net publizéiert.
  6. "Lëtzebuerg de Lëtzebuerger" ass den Ufank vum Refrain aus der nationalistescher Hymn "U Letzebuerg" vum Professer Lucien Koenig aus dem Joer 1911: "Lëtzebuerg de Lëtzebuerger, a soss kengem op der Welt". Et war virun Allem e militant Lidd vun den Nationalisten an der Zäit tëscht dem Éischten an dem Zweete Weltkrich.