Gaalgebierg (Bieles)

Vu Wikipedia
Weeweiser um Gaalgebierg
Streck vun der fréierer Minéresbunn

De Bielesser Gaalgebierg ass eng Kopp, déi tëscht Bieles an Uewerkuer an der Gemeng Suessem läit. Seng héchst Plaz ass 403 m.[1]

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Minièresgesellschaft Bridder Poeckes[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1927 un hunn d'Bridder Jean a Jos Poeckes de Minièresbetrib vun der Gruben- und Baufirma August Thyssen iwwerholl. Hei gouf zanter 1898 als éischt déi rout iewescht Minettschicht ofgebaut, duerno dann déi Gro an déi Schwaarz. Transportéiert goufen d'Steng a sougenannte Buggien, déi vun enger Damplokomotiv gezu goufen. Fir erof an d'Duerf ze kommen, si se beim Bremsschapp (op enger Héicht vun zirka 385m) ugestréckt a lues iwwer de Plang an d'Duerf bei de Quai gelooss ginn, wou se d'Uewerkuererstross hu misse passéieren. Bei der Bielesser Gare sinn d'Buggien dann op normal Eisebunnswaggonen ëmgefëllt ginn. Iwwer dëse Wee ass d'Minett an d'Déifferdenger oder an d'Escher Schmelz komm.

D'Bielesser Minett war bis zu 30 % eisenhalteg.

D'Ruine goufen haut zum Deel restauréiert. Op Informatiounstafele virun de Gebaier kritt een eng kleng Iwwersiicht vun de Gebaier.

De Gaalgebierg haut[änneren | Quelltext änneren]

Haut erënneren nëmmen nach vereenzelt raschteg Buggien, déi an den Hecke leien, sou wéi den historesche Léierpad um Gaalgebierg seng Vergaangeheet.
Am Joer 1998 gouf eng weider Kuriositéit ofgerappt: Déi déck Gasleitung, déi vum Héichuewe-Maschinnebetrib vun der Schmelz Esch-Belval iwwer de Gaalgebierg an d'Déifferdenger Schmelz gaangen ass. Haut ass duerch en eidelen Dall d'Siicht op Esch an op Déifferdeng fräi.

D'Kantin
De Kueleschapp
Buggien
Bremsschapp

D'Spillplaz[änneren | Quelltext änneren]

Haut ass um Gaalgebierg eng grouss Spillplaz mat engem Foussballsterrain, eng Skatebunn an e puer Picknick- a Grillplazen. D'Spillplaz selwer war fréier mol eng grouss Stockcarspiste. Um Gaalgebierg gëtt och dat traditionell d'Buerg gebrannt.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Dall, duerch deen d'Gasleitung gaangen ass
  • Historesche Léierpad vun der fréierer Minièresgesellschaft
  • Grouss Spillplaz
  • Mountainbike-Pist
  • Jogging- & Fitness-Pist
  • Geologesche Léierpad

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bielesser Gaalgebierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Topographesch Kaart vun 2005