Op den Inhalt sprangen

Gaarderoutschwanz

Vu Wikipedia
Gaarderoutschwanz
e Gaarderoutschwanz (Hinnchen)

e Gaarderoutschwanz (Hinnchen)
e Gaarderoutschwanz (Hinnchen)
Aner Sproochen: de: Gartenrotschwanz
fr: Rouge-queue à front blanc
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Spatzevullen
Ënneruerdnung: Sangvullen
Famill: Muscicapidae
Gattung: Routschwänz (Phoenicurus)
Wëssenschaftlechen Numm
Phoenicurus phoenicurus
Linnaeus, 1758

Den Gaarderoutschwanz (Phoenicurus phoenicurus) ass eng Sangvullenaart aus der Famill vun de Muscicapidae.

E kënnt an Eurasie vir bis am Oste bei de Baikalséi souwéi och an Nordafrika an am Noen Osten. E britt an Hielen a bewunnt virun allem Lafbëschter, Parken a Gäert mat ale Beem. Et hadelt sech ëm en Zuchvull, dee sech schonn am Spéitsummer a seng Wanterquartéiere mécht, déi südlech vun der Sahara sinn. De Gesamtbestand vum Gaardenroutschwanz gëlt net als menacéiert.

Well en zu Lëtzebuerg engem rapide Verschwanne vu sengem Liewensraum ausgesat ass, gouf en do 2025 vun der Asbl Natur&ëmwelt zum Vull vum Joer erausgesicht.[1] Schonns 1990 hat hie schonn eng Kéier dësen Titel kritt.

Alternativ, lokal oder fréier lëtzebuergesch Nimm sinn: Gaarderoutschwänzchen, Bëschroutschwänzchen, Steennuechtegailchen (Musel).[2]

Weibchen (lénks) a Männchen (riets)

De Gaarderoutschwanz gëtt, wéi den Hausroutschwanz ca. 13 bis 14,5 Zentimeter laang an 12 bis 20 Gramm schwéier. Den Hinnchen ass opfälleg gefierft: d'Gesiicht, d'Strass an d'Partie direkt iwwer dem Schniewel si schwaarz, d'Stier, souwéi eng Sträif bis iwwer d'Ouere si wäiss. Den ieweschte Kapp, d'Nuque an de Réck si gro, d'Broscht ass kräfteg raschtrout gefierft. Den ënneschte Bauch ass wäisselzech, iwwerdeems d'Flanken an d'Fiedere vum ënneschte Schwanz raschtorange sinn. D'Flilleke si meeschtens bloelzech, brongelzech, an ënnendrënner raschtrout. Och d'Schwanzfiedere sinn zolidd raschtrout, wat dann och den Numm erkläert. D'Weibchen ass um Kapp manner pronocéiert gefierft, huet awer och e raschtroude Schwanz.

Verbreedung, blo: Wanterquartéieren

De Gaarderoutschwanz kënnt praktesch a ganz Kontinentaleuropa vir, bis op d'südlech Mëttelmierlänner, wou dat just an de Bierger ass. Op Insele wéi de Balearen, Irland, Korsika, Sizilien, Sardinien, Kreta oder Zypern ass en net ze fannen. Am Oste geet säi Verbreedungsgebitt eriwwer an déi Asiatesch Stepp bis bei de Baikalséi, och alt emol driwwer eraus.

D'Wantequartéiere leie südlech vun der Sahara, an am Süde vun der arabescher Hallefinsel.

Gesang
 Commons: Gaarderoutschwanz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Vull vum Joer 2025: De Gaarderoutschwanz- e fréie Sänger." naturemwelt.lu, nogekuckt:11.03.2025.
  2. Henri Klees: Luxemburger Tiernamen (inbegriffen in 2. Auflage die 'Luxemburger Vogelnamen' von Henri Rinnen (=Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV. Luxemburg 1981, S.39.