Gabarit Freycinet

Vu Wikipedia
Schleis am Freycinet-Gabarit um Canal des Ardennes
Eng Peniche am Freycinet-Gabarit

De Gabarit Freycinet ass eng Norm déi d'Moosse vun de Schleisen op verschiddnene Kanäl, haaptsächlech a Frankräich festleet. Déi Norm gouf duerch e Gesetz am Kontext vun engem Programm fir d'Schëfffaart vum Charles de Freycinet de 5. August 1879 agefouert.

D'Norm huet d'Mindestlängt vun der Schleisekummer op 39 m, an d'Mindestbreet op 5,20 m festgeluecht, fir datt Pénichë vun 300 bis 350 Tonne kënnen derduerchfueren. D'Schëffer déi deem Gabarit entspriechen, däerfen deemno eng Maximallängt vun 38,5 Meter an eng Breet vu 5,05 Meter hunn. Et schwätzt en da vu Péniche Freycinet an Holland Spit genannt.

Als Folleg vun där Norm goufen Enn vum 19. Joerhonnert, an um Ufank vum 20. Joerhonnert vill Aarbechte gemaach fir d'Kanäl ze moderniséieren an ze harmoniséieren.

Haut entsprécht de Gabarit Freycinet der CEMT-Klass 1 fir Schëffer. A Frankräich gëtt et eng ronn 5.800 km Waasserstroossen, déi un déi Norm ugepasst sinn, an 23 % vum Flosstransport ginn driwwer ofgewéckelt.