Gabelstaapler

Gabelstaapler ass den Allgemengbegrëff fir verschidde Gefierer, mat deene schwéier Laaschten a Wueren um Buedem transportéiert ginn. E gëtt vill an der Manutentioun an an der Industrie agesat fir esou Laaschten, meeschtens op Palletten hin an hier ze beweegen, an openeen ze tässelen, zum Beispill an engem Lager, an enger Fabrick oder op enger Baustell.[1]
De Gabelstaapler gëtt ëmgangssproochlech och nach Clark genannt. Den US-Amerikaner Eugene Clark huet 1917 fir säin Eegegebrauch en "Tructractor" gebaut, deen eigentlech nach kee Gabelstaapler war. Säin Nofollger Duat, konnt optionell mat engem Opsaz mat Gafelen equipéiert ginn, an deen ëmgebauten Duat war den éischte richtege Gabelstaapler op der Welt. Aner Leit ware vun där Maschinn beandrockt a wollte selwer och eng; dofir huet hien d'Clark Material Handling Company gegrënnt. Wéinst där hirer Renommée hat sech de Markennumm eng Zäitlaang verselbststännegt.[2][3]
Dat charakteristescht Element vum Gabelstaapler sinn déi zwou metalle Verlängerungen, déi wéi grouss Gafelen (dohier den Numm) d'Laaschten ophuelen. Den Ofstand tëscht de Gafele kann adaptéiert ginn, fir ënnerschiddlech Palletteformater ze transportéieren. Si kënnen och erop- an erofgelooss ginn, fir d'Laascht vertikal ze transportéieren. Bei motoriséierte Gabelstaapler leien de Chaufferssëtz an de Steierungssystem hannert der Gafel.[4]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Gabelstaapler – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Gabelstapler - Erklärung und Definition. Handwerk und Industrie Magazin. Gekuckt den 19. Februar 2026.
- ↑ (fr) Le clark: une machine robuste au service des entrepôts. info-batiment.com (9. Juni 2015). Gekuckt den 19. Februar 2026.
- ↑ (fr) Le clark. mlms.lu. Gekuckt den 19. Februar 2026.
- ↑ (de) Was ist ein Gabelstapler? Erklärung und Bedeutung. denk-mal-industrie.de (31. Mäerz 2025). Gekuckt den 19. Februar 2026.