Gabriel Maugas
| Gabriel Maugas | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
23. Dezember 1866 Fromental |
| Gestuerwen |
22. Oktober 1931 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Educatioun | École polytechnique |
| Aktivitéit | Militäringenieur |
| Fonctioun | Admirol |
| Auszeechnungen | Commandeur vun der Légion d'honneur |
|
| |
De Gabriel Emile Marie Maugas, gebuer den 23. Dezember 1866 zu Fromental, a gestuerwen den 22. Oktober 1931 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e franséischen Arméisingenieur a Wëssenschaftler, deen U-Booter fir d'franséisch Marine entworf huet.
De Gabriel Maugas huet vun 1884 bis 1886 op der Ecole polytechnique studéiert. 1911, gouf en Ingénieur en chef, première classe, vun der Sektioun fir Schëffbau zu Toulon. Hien huet d'Ënnerséibooter vun der Classe Farfadet, der Classe Farfadet amélioré an der Classe Émeraude entworf. Absënns ass en dofir bekannt, Dieselmotoren an d'U-Booter agebaut an d'Undriffsschrauwe mat orientéierbare Schaute perfektionéiert ze hunn, sou datt Undriffswell net méi vu vigenzeg op hannerzeg huet missen ëmgeschalt ginn.
Wärend dem Eischte Weltkrich war hien en enke Mataarbechter vum Maréchal Foch[2].
Nom Krich koum hien un d'Spëtzt vum Wirtschaftsdepartement vum interalliéierten Etat-major.
1920 gouf en Direkter vun der Hadir zu Déifferdeng.[3] Hie war och President vum Groupement des Industries Sidérurgiques Luxembourgeoises[1]. Wärend senger Zäit zu Lëtzebuerg war hien als President vum Mouvement « Souvenir Français » zu Lëtzebuerg ee vun den Haaptinitiateure vum Bau vum Mausoleum vun de franséischen Zaldoten zu Lëtzebuerg.
Seng stierflech Iwwerreschter goufe mam Zuch op Puget-Ville iwwerfouert, wou d'Familljegraf war.[4]
Zu Uewerkuer gouf eng Strooss no him genannt. Et ass eng Sakgaass déi vun der Rue Henry Bessemer aus fortgeet. De Postcode ass 4623[5].
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Commandeur vun der Légion d'honneur
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 Publicité 7 Page 4. In: L'indépendance luxembourgeoise, 61. Jg., nº 297/298 (24.10.1931), p. 4, [Digitised by the National Library of Luxembourg] (Doudesannonce).
- ↑ Philippe Mioche, Denis Woronoff, L'acier en France: produits et marchés, de la fin du XVIIIe s. à nos jours, Éditions Universitaires de Dijon, 2006, ISBN 9782915552461.
- ↑ Fiche op industrie.lu.
- ↑ "Gabriel MAUGAS †." In: Luxemburger Zeitung, 64. Jg., nº 299. Abend-Ausgabe (26.10.1931), p. 3 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- ↑ Localisatioun um Geoportal
Dësen Artikel gouf ugeluecht als Iwwersetzung vun fr:Gabriel Maugas an der Versioun vum 18. Juli 2025.
