Gabrielle d'Estrées

Vu Wikipedia
Gabrielle d'Estrées
Gebuer 1573 jul.
Cœuvres
Gestuerwen 10. Abrëll 1599
Paräis
Nationalitéit Kinnekräich Frankräich
Famill
Liewenspartner(in) Henri IV. vu Frankräich
Kanner César vu Vendôme, Catherine vu Bourbon, Alexander vu Vendôme
Presuméierte Portrait vun der Gabrielle d'Estrées (riets) mat hirer Schwëster der Herzogin vu Villars, vun engem anonymme Kënschtler ëm 1594.

D'Gabrielle d'Estrées (gebuer ëm 1573 zu Montlouis-sur-Loire oder zu Cœuvres a gestuerwen den 10. Abrëll 1599 zu Paräis) war zanter 1591 d'Maîtresse vum franséische Kinnek Henri IV. Si war d'Meedche vum Antoine d'Estrées, Groussmeeschter vun der Artillerie a Gouverneur vun der Île-de-France.

Um Enn vum Joer 1590 war den Henri IV. duerch Zoufall beim Schlass vu Cœuvres laanschtkomm, an deem d'Gabrielle d'Estrées gewunnt huet, a war direkt vun hir begeeschtert. Der Form halber gouf si mam Damerval de Liancourt bestuet, kuerz drop awer nees gescheet a vum Henri IV. op den Haff geholl. Den Henri IV. huet fir si d'Herzogtum vu Beaufort geschaf, an hir Famill mat allméigleche Geschenker an Honneure begeeschtert. Si war Marquise vu Monceaux, Herzogin vu Beaufort, Herzogin vu Verneuil an Herzogin vun Étampes.

Am Schlass vu Montceaux zu Montceaux-lès-Meaux (Seine-et-Marne) huet d'Gabrielle d'Estrées nei Gebaier baue gelooss, ënner anerem déi véier Pavillonen un den Ecker. No hirem Doud huet den Henri IV. den Terrain nees opkaf, an den der Maria vu Medici als Cado no der Gebuert vum Louis XIII. geschenkt.

Nodeem de Poopst d'Bestietnes vum Henri IV. mat der Marguerite vu Valois (der Reine Margot) annuléiert hat, war d'Hochzäit vum franséische Kinnek mat der Gabrielle d'Estrées fir den 10. Abrëll 1599 geplangt. Si war zu dësem Zäitpunkt ewell mam véierte Kand vum Henri IV. schwanger, mä an der Nuecht vum 9. op den 10. Abrëll, e puer Stonne ier aus der Gabrielle d'Estrées sollt d'Kinnigi vu Frankräich ginn, krut si en Ufall nodeem si eng Orange giess hat, un deem si gestuerwen ass. Et gouf zimmlech séier Rumeuren datt d'Gabrielle d'Estrées vergëft gi wir, mä aner Hypotheesen zielen, datt si un Eklampsie gestuerwen ass. D'Doudesursaach bleift also ongekläert.

No hirem Doud huet den Henri IV. geschriwwen: « Mon affliction est aussi incomparable que l'était le sujet qui me la donne. Les regrets et les plaintes m'accompagneront jusqu'au tombeau. La racine de mon cœur est morte et ne rejettera plus... »

Si krut d'Recht op e kinneklecht Begriefnes.

Mam Henri IV. hat d'Gabrielle d'Estrées dräi Kanner:

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Dem Henri IV. seng aner Maîtressen, mat deenen hie Kanner hat:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gabrielle d'Estrées – Biller, Videoen oder Audiodateien