Garden State
|
| |
| Film | |
|---|---|
| Produktiounsland | USA |
| Produktiounsjoer | 2004 |
| Première | 16. Januar 2004 |
| Dauer | 99 min |
| Faarf | Faarweg |
| Originalsprooch | Englesch |
| Ekipp | |
| Regie | Zach Braff |
| Dréibuch | Zach Braff |
| Fotografie | Lawrence Sher |
| Musek | Nick Drake, Chad Fisher |
| Produzent | Danny DeVito, Michael Shamberg, Stacey Sher |
| Produktiouns- gesellschaft | Fox Searchlight Pictures |
| Schauspiller | |
|
Zach Braff als Andrew Largeman Ian Holm als Gideon Largeman Peter Sarsgaard als Mark Natalie Portman als Sam | |
|
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre | |
Garden State ass e Film vum Zach Braff aus dem Joer 2004. De Filmtitel ass eng Uspillung op d'geographesch Plaz wou de Film sech haaptsächlech ofspillt, nämlech den US-Bundesstaat New Jersey deen och nach Garden State genannt gëtt. De Film war an der offizieller Selektioun vum Sundance Film Festival.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]De Film dréint sech ëm den Haaptpersonnage Andrew Largeman (Braff), e Mëttzwanzeger dee sech als Schauspiller versicht, an zanter senger Kandheet ënner staarke Medikamenter steet, déi hien emotionell daf gemaach hunn. Hie kënnt zeréck a seng Heemechtsstad iergendwou am New Jersey well seng handikapéiert Mamm gestuerwen ass.
Hie begéint al Kolleegen nees erëm, déi hien zanter dem Lycée net méi gesinn huet, a verbréngt virun allem vill Zäit mam Mark (Sarsgaard), dee mëttlerweil Doudegriewer ass, nach doheem wunnt a keng Drogen ausléisst. Den Andrew léiert ausserdeem d'Sam (Portman) kennen, wat Epileptikerin ass, an en Drang zum Léien huet.
Den Andrew huet seng Medikamenter net matgeholl, a sou ass de Film net nëmmen eng Rees an d'Heemecht, mä och zu sech selwer.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Grammy fir de Soundtrack.
