Gare Lëtzebuerg
![]() Vue op d'Gare (2022) | |
ass eng | Gare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 1859 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Koordinaten | 49°36'0,461"N, 6°8'2,980"O |
Héicht i. M. | 282 m |
Reseau | |
Statiounscode | L |
Bedreiwer | CFL |
Reseau | CFL-Zuchreseau, TER Grand Est |
Linn(en) | TGV, EuroCity, L01 Nanzeg - Metz - Lëtzebuerg |
Gleiser | 13 (mat Quaien) |
Gleiser mat Quai | 10 |
Passagéier/Joer | 15.765.929 |
(2022) | |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Zens-Hamm, Gare Hollerech, Gare Houwald, Gare Pafendall-Kierchbierg, Gare Bartreng-Stroossen |
Websäit | https://www.cfl.lu/de-DE/network/station/Gare-de-Luxembourg, https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Luxembourg |
![]() | |
D'Gare vu Lëtzebuerg ass d'Haaptgare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit am Gare Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Wéinst der Gemengefusioun am Joer 1920, läit se historesch gesinn, an der Kadastersektioun Bouneweg vun der fréierer Gemeng Hollerech.
D'Gebai aus dem Joer 1913 ass eent vun den imposantste Gebaier vun der Stad Lëtzebuerg an déi gréisst Gare vu Lëtzebuerg. Et gouf 1989 als nationaalt Monument klasséiert.[1]
D'Gare Lëtzebuerg gehéiert zu alle Linne vum CFL-Zuchreseau:
Opgezielt am Sënn vun der Auer:
- Lëtzebuerg - Ettelbréck - Ëlwen - (Gäilech)
- Lëtzebuerg - Waasserbëlleg - (Tréier)
- Lëtzebuerg - Diddenuewen - Metz
- Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange
- Rodange - Esch-Uelzecht - Lëtzebuerg - Ëlwen
- Lëtzebuerg - Nidderkäerjeng-Suessem - Rodange - (Attem / Lonkech)
- Lëtzebuerg - Klengbetten - Arel
an hire jeeweilegen Niewelinnen.
D'Nopeschgare sinn: Pafendall-Kierchbierg, Zens-Hamm, Houwald, Hollerech a Bartreng-Stroossen.
An der südlecher Verlängerung vun der Gare, parallel mat der Ramp fir op d'Jean-Pierre-Büchler-Bréck, steet e Park & Rail-Parkhaus mat 620 Plazen. Et gëtt ë. a. 13 speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit, 20 Plaze fir Elektroautoen, an 10 Plaze fir d'„Flex“-Carsharingsautoen. Bei der Gare gëtt et och zwou Bikeboxe fir säi Vëlo ënnerdaach ze stellen.
No der Gare ass och d'Plaz virdrun – d'Garer Plaz – an de Quartier ronderëm – de Garer Quartier – benannt. Eng Foussgängerbréck iwwer d'Schinnen nieft der Gare verbënnt de Garer Quartier direkt mat Bouneweg.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Fro vum Standuert: strategesch a politesch Komplikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]Am 19. Joerhonnert war d'Wiel vun engem passende Standuert fir d'Gare Lëtzebuerg eng grouss Erausfuerderung. D'Stad huet bis 1866 nach zum Däitsche Bond gehéiert an de Gouverneur vun der Festung war dergéint, datt d'Befestegungsmauere sollten opgebrach ginn, fir Eisebunnsgleiser an d'Festung eranzeleeën. Do dernieft hunn och déi geographesch Gegebenheeten komplex bautechnesch a strategesch Ufuerderunge mat sech bruecht.
Déi nei “Centralstation” sollt net nëmmen de militäresche Sécherheetsinteressen entspriechen, mä och der Stater Gemeng a senge Geschäftsleit entgéintkommen. Et war wichteg, datt d'Gare net ze wäit vum Stadzentrum ewech leien dierft, fir der wirtschaftlecher Dynamik an der Uewerstad net ze schueden.
Verschidde Projete goufen diskutéiert: Rheinsheim (beim haitege Konvikt), Fort Bourbon, Helleg-Geescht-Plateau, Neipperg, a Clausen a souguer um Lampertsbierg. D'Verhandlunge waren extrem komplizéiert an hunn eng Rëtsch Joer gedauert, well strategesch Interêten, geographesch Limitten an d'Erwaardunge vun de Bierger openee getraff sinn.
Verschidde Projeten
[änneren | Quelltext änneren]De Projet Fort Rheinsheim gouf séier verworf, well en hätt de kommerziellen Zentrum vun der Uewerstad a Richtung Hollerech gedréckt. Géint den Helleg-Geescht-Plateau hu geschwat, datt e 35 Meter héije Viadukt gebraucht gi wier, deen déi finanziell a bautechnesch Limitte gesprengt hätt.
D'Regierung an d'Militärgouvernance hu Projeten am Péitrussdall (vun der Bourbonschleis aus a Richtung Hollerech), virum Fort Bourbon oder a Clausen proposéiert. All Plaz hat hir eegen enorm Käschten a militäresch Bedenken.
Fir zu enger Konklusioun ze kommen, gouf de belsche Chefingenieur Maus beoptraagt fir eng Léisung ze fannen. Hien huet d'Iddi vun enger Gare a Clausen favoriséiert, wou eng Duerchgangsgare d'Verknëppung vun de véier Haaptstrecken hätt kënnen assuréieren. Schlussendlech waren déi héich Käschten, déi militäresch Ufuerderungen an déi komplizéiert Topographie d'Haaptgrënn, firwat kee vun de Projete sech duerchgesat huet.
Decisioun zu Gonschte vun Hollerech
[änneren | Quelltext änneren]No jorelaangen Diskussiounen huet sech d'Meenung ëmmer méi zu Gonschte vun enger Léisung an de Beräich Hollerech / Bouneweg verlagert. De Bau sollt baussent der Festung leien, fir déi militäresch Ufuerderungen ze respektéieren, awer nach no genuch bei der Stad bleiwen. Als Kompromëss tëscht den Interesse vum Festungsgouverneur an der Stad gouf de Standuert fir d'Gare an der Sektioun Bouneweg vun der deemoleger Gemeng Hollerech festgeluecht an d'Propos gouf 1858 vum Däitsche Bond ugeholl.
Bau an Ouverture vun der éischter Gare
[änneren | Quelltext änneren]D'Gebai huet missen aus Holz gebaut ginn, fir am Fall vun enger Belagerung kënnen ofgebrannt ze ginn, fir datt keng feindlech Truppe sech dra kéinte verstoppen. Et gouf sech entscheet fir d'Gebai am Stil vun engem Schwäizer Chalet ze bauen.
De Grondsteen dofir gouf den 30. Oktober 1858 geluecht[2][3] an no manner wéi engem Joer, de 4. Oktober 1859, gouf se ageweit[4]. D'Gare war mat Fändele vu Lëtzebuerg, Holland, Frankräich, der Belsch a Preise gerëscht an de Michel Lentz huet zu dëser Geleeënheet De Feierwon komponéiert. De Prënz Hari an aner héich Perséinlechkeeten hunn un de Feierlechkeeten deelgeholl. De 4. a 5. Oktober sinn déi éischt Verbindung op Diddenuewen an Arel opgemaach ginn.
Mat der Zäit ass d'Gare Lëtzebuerg e wichtegen Dréi- an Aangelpunkt fir den Handel a fir Reesen an déi wichtegst Stied an der Groussregioun ginn.
Schleefe vun der Festung an Neibau vun der Gare
[änneren | Quelltext änneren]Mam Londoner Traité vun 1867 gouf Lëtzebuerg als neutral erkläert, huet dofir awer d'Festung Lëtzebuerg misse schleefen. Domat war och d'Bauverbuet opgehuewen an déi provisoresch hëlze Struktur vun der Gare war net méi ubruecht.
Bis zum Franséisch-Preisesche Krich vun 1870-1871 huet d'Gebai (an d'Eisebunn) der Compagnie de l'Est gehéiert. Duerno ass d'Gestioun un d'Elsass-Lothringische Reichsbahngesellschaft iwwergaangen.
Den 1. August 1874 huet de Prënz Hari den Accord gi fir en neit, stengent Gebai ze bauen. Et huet awer nach ronn 30 Joer gedauert bis et mam baue lass goung.
An den 1870er Joren ass d'Eisebunnsanlag a Richtung Bouneweg vergréissert ginn an déi zwou Rotonde goufe gebaut.
Dat haitegt Gebai gouf tëscht 1907 an 1913 am neobarocke Stil, "Miseler Barock" genannt, gebaut. D'Pläng ware vum däitschen Architekt Alexander Rüdell. Si goufe vum Baurat Karl Jüsgen ausgefouert. 1908 gouf de Südfligel fäerdeg.[5] Den 13. Dezember 1910 goung déi nei Agangshal op.[6] Ursprénglech ware fir dësen Deel vum Gebai 860.000 Mark virgesinn, se huet awer um Enn 1.100.000 Mark kascht[7], ë. a. wéinst de spezielle Wënsch vun der Lëtzebuerger Regierung: zousätzlech Ubauten (Douane, Waardesäll fir d'éischt an d'zweet Klass, asw.), e méi héijen Tuerm, eng besser Ausstattung, asw.
Enn 1913 war och den Nordfligel mam Pavillon – deen als groussherzoglech Salle d'attente benotzt gouf – fäerdeg. Deen Deel ass mat enger Arkad mam Haaptgebai verbonnen. Haut ass e Bistro an deem Pavillon.
Wéinst dem Krich ass d'Gebai awer ni ageweit ginn.
Éischte Weltkrich
[änneren | Quelltext änneren]Am Éischte Weltkrich war d'Gare en zentrale Punkt fir militäresch Transporter an huet ënner Bombardementer gelidden. Den 28. Mäerz 1918 hu brittesch Fligere versicht d'Gare ze bombardéieren. Déi 17 Bommen hunn d'Gare awer gréisstendeels verfeelt, mä Wunnhaiser getraff. Zéng Mënsche si bei dem Ugrëff ëm d'Liewe komm.
Tëscht 1936 an 1938 goufen éischt Moderniséierungsaarbechten ausgeféiert.
Zweete Weltkrich
[änneren | Quelltext änneren]Och wärend dem Zweete Weltkrich gouf d'Gare massiv beschiedegt, besonnesch wärend den alliéierte Bombardementer. 1944 war d'Gebai d'Zil vun dräi Bombardementer vun alliéierte Fligerstaffele bei deenen 155 Mënschen ëm d'Liewe komm sinn. Um zentrale Gebai war nëmmen e klenge Schued entstanen, d'Atelieren op där anerer Säit waren awer komplett zerstéiert ginn.
Vis-à-vis vun der Entrée ass eng grouss Fënster aus faarwegem Glas, op där, zënter der Zäit nom Zweete Weltkrich, eng stiliséiert Panoramavue vun der Alstad, mam Tuerm vun der Spuerkeess an der Neier Bréck, ze gesinn ass[8].
Nokrichszäit
[änneren | Quelltext änneren]Nodeems 1946 d'CFL gegrënnt gi war, ass an de Joren 1958 an 1959 d'Direktiounsgebai vun der CFL gebaut. 1963 ass d'Agankshal bei Geleeënheet vum Millenaire vun der Stad nei amenagéiert ginn.
An de Joren 1974 bis 1978 goufen, nodeems d'Postguicheten erausgeplënnert waren, déi fräi Fläche fir aner Zwecker benotzt (z. B. Empfang fir Expressfracht a Gepäcksconsigne). De Verkaf vun Ticketen ass an de Säitegank verluecht ginn. Déi éischt Geschäfter hu sech an der Agankshal etabléiert.
Den 13. Januar 1989 gouf d'Gebai vun der Gare als nationaalt Monument klasséiert.
1990/91 goufen d'Guichete fir den Ticketsverkaf mat engem méi moderne Verkafszentrum ersat. D'Molereien um Plaffong goufen, am Kader vu Renovéierungsaarbechten am Joer 1995, vum Armand Strainchamps entworf.
Renovéierungsaarbechte vun 2006 - 2012
[änneren | Quelltext änneren]Vun 2006 bis 2012 goufe verschidde Renovéierungsaarbechte gemaach fir dem Opkommes vum Eisebunnsverkéier an dem Confort vun de Clienten nozekommen. Dozou gehéieren z. B. d'Aarbechten am Kader vum nërdlechen a südleche Souterrain, d'Equipement op de Quaien, de Bau vun de Wartesäll op de Quaien 2 an 3, déi provisoresch Accèse vun de Quaien op d'Passerell fir op Bouneweg an de Bau vun engem iwwerdaachten Iwwergank tëscht der neier Hal an deem neie Parkhaus um südleche Wupp vun der Garer-Plaz[9].
Den 21. September 2012 gouf, fir den 100. Anniversaire vun der Gare, de gliesenen Hall des voyageurs, südlech vum Zentralgebai, vum Groussherzog Henri ageweit[10].
Ronderëm d'Gare
[änneren | Quelltext änneren]Vum 21. Februar 1875 un ass de Päerdstram vun der Gare aus fortgefuer, deen du vun 1908 u mam elektreschen Tram ersat gouf. 1926 sinn an der Stad déi éischt Bussen ugeschaaft ginn an den Tramsterminus nieft der Gare gouf no an no zu enger Busgare.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel Fréiere Stater Tram an am Artikel Autobus de la Ville de Luxembourg.
Vun 1882 bis 1955 war d'Plaz virun der Gare och vun de Schmuelspuer-Bunne Jangli gepräägt a vun 1904 bis 1954 och nach vum Charly.
Zënter dem 13. Dezember 2020 gëtt et d'Busgare vun de Stater Bussen net méi niewent der Gare. Am Kader vum Bau vum neie Stater Tram, gouf déi Plaz fir aner Zwecker gebraucht. D'Busgare vun de regionalen RGTR-Linnen am südlechen Deel ass an deem Kontext och reorganiséiert an ëmgebaut ginn.



Gleisanlagen
[änneren | Quelltext änneren]D'Stater Gare huet 13 Gleiser déi fir de Persounentrafic accessibel sinn. D'Gleiser 1 an 2 sinn den Terminus vun der Klengbettener Streck. Well d'Gleiser duerno weider an d'Belsch féieren, goufe se vun 1956 bis 2018 mat Gläichstroum vun 3 kV alimentéiert, grad sou wéi Streck Sterpenech-Namouer. D'Gleiser 3 a 4 konnten tëscht 3 kV an 25 kV ëmgeschalt ginn, wat virun allem fir den EuroCitybetrib wichteg war.
Dat fréiert Gleis 6, iwwer dat Gidderzich duerch d'Gare gefuer sinn, gouf am Kader vun de Renovatiounsaarbechte liquidéiert; d'Gleisnummer 6 gëtt zanter 2006 net méi benotzt[11].
An der zweeter Hallschecht vun 2017 goufen hannert der Gare, op der Bouneweger Säit, déi 223 Meter laang a 60 Meter breet Halen, an deenen d'CFL hir Atelieren hat, ofgerappt, fir an d'Plaz zwéin zousätzlech Quaie mat 3 Gleiser ze bauen. Domat ass et méi einfach Zich, déi vu Süde kommen, riicht duerch bis op d'Nordstreck weiderfueren ze loossen[12],[13]. De 17. Abrëll 2018 gouf an der Chamber de Gesetzprojet dofir eestëmmeg ugeholl[14]. D'Aarbechte goufen an zwou Phase realiséiert. De Quai 5 war bis Dezember 2019 fäerdeg, de Quai 6 am Dezember 2021. De Käschtepunkt war op 171 Milliounen Euro ugesat.
Tëscht dem 14. Mee an dem 13. September 2021 gouf déi al Passerell op der Nordsäit mat enger neier ersat, déi iwwer 196 Meter de Garer Quartier mat Bouneweg verbënnt[15],[16]. Bis Dezember 2021 goufen och d'Weichen a Gleiser op der Nordsäit erneiert; 2022 war et un der Rei vun deenen op der Südsäit.
Opdeelung vun de Quaien a Gleiser[17]
[änneren | Quelltext änneren]Quai | Gleis | Linn / Streck
Richtung Süden (Gleisnummer + AB) |
Gleis | Linn / Streck
Richtung Norden (Gleisnummer + CD) |
---|---|---|---|---|
1 | 1 | Linn 5 Klengbetten an | ||
2 | ||||
3 | Linn 7 Péiteng | 3 | Linn 1 Ëlwen an internationalen Trafic | |
2 | 4 | 4 | ||
5 | Linn 9 Beetebuerg an internationalen Trafic a Frankräich (Diddenuewen, Metz, Paräis) | |||
3 | 7 | |||
8 | ||||
4 | 9 | Duerchgangsgleis 1 Ëlwen ↔ 6 Beetebuerg - Esch-Uelzecht - Péiteng | ||
10 | ||||
5 | 11 | Linn 6 Beetebuerg - Esch-Uelzecht - Péiteng | 11 | Linn 3 Waasserbëlleg an internationalen Trafic
an Däitschland |
12 | 12 | |||
6 | 13 | |||
14 |
Zich déi an der Gare halen
[änneren | Quelltext änneren](Stand: Abrëll 2025)
National / Regional
[änneren | Quelltext änneren]■ just zwéin Nuetszich de Weekend
◆ ee Muereszuch verlängert bis op Düsseldorf Hbf
International
[änneren | Quelltext änneren]Nieft den CFL-Linnen déi bis an d' Nopeschregiounen am Ausland fueren, gëtt et och e puer Verbindungen déi méi wäit féieren:
- TGV Est Lëtzebuerg - Metz - Paräis
- TGV intersecteurs Lëtzebuerg - Metz - Stroossbuerg - Besançon - Lyon - Marseille
- TGV intersecteurs Lëtzebuerg - Metz - Stroossbuerg - Besançon - Lyon - Montpellier
- CFL-Zoubrénger-Buslinn Lëtzebuerg - Gare Lorraine TGV
- CFL-Zoubrénger-Buslinn Lëtzebuerg - Saarbrécken
Pôle d'échange
[änneren | Quelltext änneren]D'Gare Lëtzebuerg gehéiert zu Pôle d'échange Gare centrale. Eng sëllege Buslinne vun de Stater Bussen an aus dem RGTRs-Reseau hunn hiren Halt oder Terminus virun der Gare (Halt Gare Centrale) resp. op der Bouneweger Säit (Halt Gare Rocade). Situatioun Mäerz 2025[17]:
Halt | AVL-Linnen | RGTR-Linnen |
---|---|---|
Gare Centrale | 4, 7, 10, 13, 14, 18, 19, 20, 22, 23, 27, 29, 94, 95, CN1, CN2, CN3 | 412, 413, 414, 423, 424, 603, 611, 612, 622, 623 |
Gare-Rocade | 2, 9, 20 | 223, 402, 411, 421, 422, 461, 502, 506, 511, 512, 513, 601 |
Zanter dem 13. Dezember 2020 huet och d'Linn T1 vum Stater Tram eng Halt op der Garer Plaz, virun der Entrée an d'Gare; et war e provisoreschen Terminus, bis d'Streck am September 2022 a Richtung Süden, bis op d'Halt Lycée Bouneweg verlängert gouf. Zanter dem 7. Juli 2024 geet se iwwer d'Gare Houwald bis bei de Stadion vu Lëtzebuerg[18] virun. A Richtung Norde fiert se duerch d'Uewerstad, iwwer de Glacis op de Kierchbierg, an zanter dem 2. Mäerz 2025 bis op de Fluchhafe Findel.
Chef de Garen
[änneren | Quelltext änneren]- Jean-Philippe Eberhardt (1859-1860)
- Franz-Max Dupont (1860-1871)
- Pierre Palgen (1871-1875)
- Joseph Junck (1875-1911)
- Mathias Joseph Gehlen (1912-1920)
- Pierre Watry (1921-1932)
- Jules Emile Thiry (1932)
- Nicolas Wagener (1933)
- Paul Wilwers (1933-1939)
- Henri Palgen (1939-1940)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- CFL, 2012. 100 Joer Gare Lëtzebuerg. 1912-2012: Eine einzigartige Zeitreise. Éditions Guy Binsfeld, 324 S. ISBN 978-2-87954-256-0
- Lobo, Paulo, 2011. 12 Bemerkenswerte Gebäude in Luxemburg: 5. Der Hauptbahnhof Luxemburg. S. 50-59, Luxédit, ISBN 978-99959-733-0-8
- Federmeyer, Ed, und Pierre Pasquali. Eisenbahnen in Luxemburg. Gernrode: W. Herdam Fotoverl., 2007. Print.
- Graas, Aloyse et al. Gares et haltes des chemins de fer luxembourgeois = Bahnhöfe und Haltepunkte der luxemburger Eisenbahnen. 2e éd. non modifiée. Luxembourg: Les cheminots-philatélistes 61, 1984. Print.
- Jüsgen, 1924. Deutsche Eisenbahnhochbauten in Luxemburg. In: Zentralblatt der Bauverwaltung Nr 29 vum 16. Juli 1924, Verlag: Guido Hackebeil Akt.-Ges, Berlin, Ss. 241-244. (Link op d'pdf-Dokument)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gare Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Aktuell Departen an der Gare Lëtzebuerg
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Stad Lëtzebuerg op der CFL-Websäit
- Baugeschicht vun der Gare vu Lëtzebuerg(de)
- D'Gare Stad Lëtzebuerg op der Websäit "rail.lu"
- Luxemburg Station op der Websäit Spoorgroep Luxemburg
- D'Gare vu Lëtzebuerg op der Websäit vum Institut national pour le patrimoine architectural (fr)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Mäerz 2025).
- ↑ Artikel Die Grundsteinlegung am Luxemburger Wort Nr 101 vum 4. November 1858, S.1 (Link)
- ↑ Mike Stebens, Hauptbahnhof Luxemburg, Vom Holzbau zum barocken Monument, wort.lu [€] (25.2.2023); Luxemburgs Anbindung an Europa, Vor 165 Jahren wurde mit dem Bau des ersten Bahnhofs im Großherzogtum begonnen. Seither hat sich viel getan. Weitere Modernisierungen sind geplant., Luxemburger Wort, 25.2.2023, S.18-19
- ↑ Artikel Die Inauguration unserer Eisenbahnen am Luxemburger Wort Nr 80 vum 6. Oktober 1859, S. 1 (Link)
- ↑ Bahnhof Luxemburg. Luxemburger Wort (8. 6. 1908). Gekuckt de(n) 25.2.2023.
- ↑ Das neue Empfangsgebäude auf Bahnhof Luxemburg. Luxemburger Wort (10.12.1910). Gekuckt de(n) 27.2.2023.
- ↑ Das neue Empfangsgebäude auf Bahnhof Luxemburg. Luxemburger Wort (10.12.1910). Gekuckt de(n) 25.2.2023.
- ↑ Service des Sites et monuments nationaux: Luxembourg: Gare Archivéiert de(n) 13.10.2013. Gekuckt de(n) 23.05.2010.
- ↑ Modernisierung des Bahnhofs Luxemburg op cfl.lu, fir d'lescht gekuckt den 8. Dezember 2018
- ↑ "CFL: Neien "Hall des Voyageurs" um Freideg ageweit." RTL.lu - 21.09.2012, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.09.2012, 18:56.
- ↑ (de)Warum es kein Gleis 6 im hauptstädtischen Bahnhof gibt. Luxemburger Wort (23.07.2024). Gekuckt de(n) 23.07.2024.
- ↑ "Ein Stück Eisenbahngeschichte verschwindet." wort.lu, 22. August 2017 um 11:45.
- ↑ Bis 2021 kommen nei Quaien a Gleiser bei Stater Gare dobäi op rtl.lu de 7. Dezember 2018
- ↑ "Ausbau vu Stater Gare guttgeheescht - 2 nei Quaien." rtl.lu, 18.04.2018, 06:34:44.?
- ↑ "Gare an der Stad gëtt ausgebaut - Gesetzprojet ugeholl." rtl.lu, 05.01.2018, 14:01:47.
- ↑ "Renouvellement de la passerelle nord de la gare de Luxembourg." Communiqué op fouvernement.lu, 05.05.2021.
- ↑ 17,0 17,1 kuckt och den Iwwersiichtsplang op cfl.lu
- ↑ Diane Lecorsais: "Bonneweg, Cloche d'Or, Findel: Die nächste Station im Blick." wort.lu, 22.12.2020; och als "Auf den Bahnhof folgt Bonneweg", Luxemburger Wort, 22.12.2020, S. 22-23.