Gare Baaschtnech-Süd

Vu Wikipedia
D'Gare Baaschtnech-Süd, gesi vun der Säit vun de Quaien

D'Gare Baaschtnech-Süd war eng vun den zwou Baaschtnecher Garen op der fréierer Eisebunnsstreck Libramont - St. Vith. Et ass mat Baaschtnech-Nord eng vun de wéinege Garë vun där Streck déi erhale bliwwen ass. Et war och eng vun den dräi gréisste Garen op där Streck, a vum Gebai hir gesinn déi schéinst.

D'Gare hat den Telegraphe-Code FS.

D'Gleiser tëscht Baastnech-Süd a Baaschtnech-Nord goufen 1999 ewechgerappt.

An de leschte Jore gouf d'Gare restauréiert, eng nei Strooss an eng Parkplaz goufen ugeluecht. Am Gebai ass haut eng Brasserie mat Restaurant, a Versammlungsraim.

Vis-à-vis vun der SNCB-Gare kann een nach d'Gebai vun der Tramsgare vun der fréierer Vizinalstreck 516 (Marche - Marloie - Baaschtnech - Martel) gesinn.