Gare Clierf
|
D'Gare zu Klierf (2025) | |
| Typ | Gare |
|---|---|
| Status | am Gebrauch |
| opgaang | 1866 |
| Lag vun der Statioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Clierf |
| Uertschaft | Clierf |
| Koordinaten | 50°3'41,648"N, 6°1'28,506"O |
| Héicht i. M. | 374 m |
| Reseau | |
| Statiounscode | Cv |
| Bedreiwer | CFL |
| Reseau | CFL-Zuchreseau |
| Streck(en) | CFL-Linn 1 |
| Linn(en) | CFL-Linn 1 |
| P.K. | 77,174 km |
| Gleiser | 3 |
| Gleiser mat Quai | 2 |
| Passagéier/Joer | 331.186 |
| (2022) | |
| Nopeschstatioun(en) |
Gare Draufelt, Gare Ëlwen |
|
| |
![]() | |

D'Gare vu Clierf ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit nërdlech vum Stadzentrum vu Clierf, tëscht der N18 am Westen an der Klierf am Osten. Iwwer eng Bréck iwwer d'Gare leeft den CR339 am Norden a Richtung Ischpelt. Nordwestlech vun der Gare läit de Lycée Edward-Steichen.
D'Gare Clierf gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:
- Lëtzebuerg - Ettelbréck - Ëlwen - Gäilech (Gouvy) - (Léck - Liers),
- Rodange - Esch-Uelzecht - Lëtzebuerg - Ëlwen.
D'Clierfer Gare läit tëscht der Gare Draufelt an där vun Ëlwen: d'Halt Maulesmillen, op der Streck tëscht Clierf an Ëlwe gëtt zënter dem 14. Dezember 2014 net méi ugefuer.
Bei der Gare gëtt et e gratis Park & Rail-Parking mat 164 Parkplazen a sechs speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Vëloe kann een an enger Bikebox ënnerdaach stellen. D'Busgare ass an der direkter Noperschaft.
Mat der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg sinn d'Guichete vun der Gare Clierf den 1. Mäerz 2020 fir zerguttst zougemaach ginn[1].
Den 19. Oktober 2022 gouf d'Voyageurs-Gebai als national Kulturierfschaft klasséiert.[2]
Zich déi an der Gare halen
[änneren | Quelltext änneren](Stand: Februar 2025)
Richtung Norden
[änneren | Quelltext änneren]| Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
|---|---|---|---|---|---|---|
Linn Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Ëlwen ↔ Gäilech[änneren | Quelltext änneren] | ||||||
| Lëtzebuerg | Draufelt | RB[3] RE | Ëlwen | Ëlwen | ||
| Lëtzebuerg | Draufelt | IC | Ëlwen | Gäilech - Léck - (Liers) | ||
Rodange ↔ Esch-Uelzecht ↔ Lëtzebuerg ↔ Ëlwen[änneren | Quelltext änneren] | ||||||
| Rodange | Draufelt | RE | Ëlwen | Ëlwen | ||
Richtung Süden
[änneren | Quelltext änneren]Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Gare Clierf – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Aktuell Departen an der Gare Clierf
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Clierf op der CFL-Websäit
- D'Gare Clierf op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Clierf op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Mobilité: La plupart des guichets CFL du pays vont disparaître dès le 1er mars 2020. infos.rtl.lu (30.07.2019). Gekuckt den 10.02.2025.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 4. August 2026).
- ↑ just zwéin Nuetszich de Weekend

