Gare Déiljen
Ausgesinn
ass eng | fréier Gare |
---|---|
Status | ausser Déngscht |
opgaang | 16. November 1862 |
zougemaach | 27. Mee 1964 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Beefort |
Koordinaten | 49°51'6"N, 6°19'32"O |
Héicht i. M. | 178 m |
Streck(en) | Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Wallenduerfer Bréck, Gare Grondhaff |
![]() |
D'Gare Déiljen war eng Halt zu Déiljen, op der Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg (Sauerstreck), déi tëscht 1862 an 1964 bedriwwe gouf.
D'Gare vun Déiljen louch op enger Héicht vun 178 Meter, um PK 16, tëscht der Gare op der Wallenduerfer Bréck an där um Grondhaff.
En éischt Garegebai dat 1914 gebaut gi war, gouf am Krich ëm 1944/1945 zerstéiert. Duerno gouf vun der CFL en neit Gebai gebaut dat - wéi dat éischt - aus just engem Waardesall an engem Raum fir den Opsiichtsbeamte bestanen huet.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Ed Federmeyer & Pierre Pasquali. Eisenbahnen in Luxemburg. Gernrode Luxembourg: W. Herdam Fotoverl. G.A.R, 2007. Print.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Gare Déiljen – Biller, Videoen oder Audiodateien |