Gare Diddeleng-Schmelz
![]() An der Gare Dideleng-Schmelz (2014) | |
ass eng | Gare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 1883 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Diddeleng |
Uertschaft | Diddeleng, Butschebuerg |
Koordinaten | 49°28'21,691"N, 6°4'46,074"O |
Héicht i. M. | 296 m |
Reseau | |
Statiounscode | Du |
Bedreiwer | CFL |
Reseau | CFL-Zuchreseau |
Gleiser mat Quai | 2 |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Wuelmereng, Gare Diddeleng-Zenter |
Websäit | https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Dudelange-Usines |
![]() | |
D'Gare Diddeleng-Schmelz ((fr) Dudelange-Usines) ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit an der Sektioun Butschebuerg an der Gemeng Diddeleng. D'Gare gehéiert zur Niewelinn Beetebuerg - Wuelmereng vun der Linn Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange vum CFL-Zuchreseau.
D'Nopeschstatioun virdrun ass d'Gare Diddeleng-Zenter; Diddeleng-Schmelz ass et déi lescht Gare op Lëtzebuerger Territoire, ier d'Linn op den Terminus, d'Gare Wuelmereng, op franséischem Territoire kënnt.
D'Gare Diddeleng-Schmelz huet e gratis Park & Rail-Parking mat 38 Parkplazen an enger speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.
Am Gebai vun der Gare ass de Centre de documentation sur les migrations humaines ënnerbruecht.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den 20. Dezember 1883 ass d'Streck Beetebuerg - Diddeleng mat enger Längt vu 6,7 km opgemaach ginn. Zu Diddeleng gouf fir de Persounentrafick d'Gare Diddeleng-Stad opgemaach. D'Statioun Diddeleng-Schmelz bestoung uganks just fir de Gidderverkéier, ass dunn 1886 och fir de Persounentrafick opgaangen[1]. Zënter dem Wanterfuerplang 2003 geet d'Streck vun der Gare Diddeleng-Schmelz aus viru bis a Frankräich, op den Terminus op Wuelmereng.
Zich déi an der Gare halen
[änneren | Quelltext änneren](Stand: Mäerz 2025)
Linn Beetebuerg ↔ Wuelmereng
[änneren | Quelltext änneren]Aller
[änneren | Quelltext änneren]Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Beetebuerg | Diddeleng-Zenter | RB | Terminus oder Wuelmereng | Terminus oder Wuelmereng |
Retour
[änneren | Quelltext änneren]Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Wuelmereng | Terminus oder Wuelmereng | RB | Diddeleng-Zenter | Beetebuerg |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Quell vum Abschnitt Geschicht, wou net anescht uginn:
- Federmeyer, Ed, und Pierre Pasquali. Eisenbahnen in Luxemburg. Gernrode: W. Herdam Fotoverl., 2007. Print. (S. 360-362)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gare Diddeleng-Schmelz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Aktuell Departen an der Gare Diddeleng-Schmelz
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Diddeleng-Schmelz op der CFL-Websäit
- D'Gare Diddeleng-Schmelz op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Diddeleng-Schmelz op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Dudelange - naissance d'une ville. CDMH – Centre de documentation sur les migrations humaines. www.cdmh.lu. Gekuckt de(n) 17.03.2025.