Gare Florée

Vu Wikipedia
D'Halt zu Florée a Richtung Namouer am Juli 2011.

D'Gare Florée ass eng Halt vun der SNCB op der Eisebunnsstreck Sterpenech-Namouer, um PK 82.7 tëscht der Gare vun Natoye an där vun Assesse.

D'Halt läit um héich opgeschottenen Talli nieft dem Tunnel vun der N946 déi do ënner der Eisebunn erduerch féiert. Et gëtt kee Gebai, just op all Quai en Haische fir d'Passagéier. Enn 2010 sinn Aarbechten am Gaang fir d'Accèsen, déi vun der Strooss aus lénks a riets vum Gleis op Quaie féieren, frësch ze maachen.