Gare Houwald
| |||||
---|---|---|---|---|---|
![]() | |||||
Streck | 6 | ||||
PK | 14,400 | ||||
Quaien | 2 | ||||
Gleiser | 3 | ||||
Uertschaft | Houwald | ||||
Gemeng | Hesper | ||||
Kanton | Lëtzebuerg | ||||
Koordinaten | 49° 34’ 52’’ N 06° 07’ 57’’ O | ||||
Websäit | CFL.lu |
D'Gare Houwald ass eng nei Zuch-Gare, un där d'Aarbechten 2016 mam Bau vum éischte (vun am Ganzen zwéin) Quaien ugefaangen hunn[1]. Et ass eng Gare op der CFL-Linn 6 tëscht der Gare Lëtzebuerg an der Gare Bierchem vun der Lëtzebuerger Eisebunn.
Den 10. Dezember 2017 ass den éischte Quai opgaangen. Do kënnen ë. a. d'Zich, déi aus Frankräich kommen, stallhalen, fir datt d'Leit déi an de Gaasperecher Bann wëllen, d'Méiglechkeet hunn erauszeklammen an net mat bis op d'Gare Lëtzebuerg ze fueren.
Et ass geplangt, datt den Tram, dee bis op d'Cloche d'or verlängert gëtt, vun 2023 un direkt iwwer der Gare Houwald stallhale soll. Dofir gëtt vun uganks 2021 un eng nei Bréck gebaut. Do dernieft gëtt och nach eng Busgare amenagéiert, fir sou e kamouden Iwwergang tëscht den eenzelen Transportmëttelen z'erméiglechen[1]. Dëse Pôle intermodal soll bis 2024 fäerdeg sinn, wann och eng nei Zuchstreck op Beetebuerg fäerdeg ass an e méi héijen Zuchtraffik erméigleche kann.[2]
Och den Neibau vum Lycée technique du centre soll wéinst dem gudden Uschloss nieft d'Gare kommen; e soll bis 2027 fäerdeg gebaut sinn.[3]
An den éischten 11 Méint, an deenen s'a Betrib war, goufen am Ganzen 185.743 Passagéier do gezielt.[2]
Biller[änneren | Quelltext änneren]
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Gare Houwald – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ 1,0 1,1 "Neue 'Gare Howald', neue N3, neue Quais am Hauptbahnhof." wort.lu, 9. März 2016 um 18:38.
- ↑ 2,0 2,1 " 'La mobilité au Luxembourg va changer fondamentalement'." wort.lu, 10.12.2018.
- ↑ "Tramreseau: Ausbau vu Buchler Bréck." 100komma7.lu, 16. Jan 2019 - 12:00.
| |||
Lëtzebuerg - Beetebuerg: Lëtzebuerg - Houwald - Bierchem - Beetebuerg |