Gare Nidderkuer
|
Duerchfaart vun engem Gidderzuch an der Gare Nidderkuer (2025) | |
| ass eng | Gare |
|---|---|
| Status | am Gebrauch |
| opgaang | 1. Juni 1986 |
| Lag vun der Statioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Déifferdeng |
| Uertschaft | Nidderkuer |
| Koordinaten | 49°32'12,113"N, 5°53'38,324"O |
| Héicht i. M. | 300 m |
| Reseau | |
| Statiounscode | Nk |
| Bedreiwer | CFL |
| Streck(en) | CFL-Linn 6 |
| P.K. | 3,00 km |
| Gleiser | 2 |
| Passagéier/Joer | 146.919 |
| (2022) | |
| Nopeschstatioun(en) |
Gare Péiteng, Gare Déifferdeng |
|
| |
D'Gare vun Nidderkuer ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit nërdlech vum CR175 (Rue Pierre Gansen) an der Sektioun Nidderkuer vun der Gemeng Déifferdeng, a gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:
- Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange
- Ëlwen - Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange.
Se läit tëscht der Gare Déifferdeng an där vu Péiteng.
Bei der Gare ass e Park & Rail-Parking mat just 15 Plazen an et gëtt eng Bikebox fir säi Vëlo ënnerdaach ze stellen. D'Gare ass op der Halt Niederkorn, Gare routière un den TICE-Reseau ugebonnen.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng ass den 1. August 1873 opgaangen, mat deemools just de Garen Esch, Bieles, Déifferdeng a Péiteng. Am Kader vun der Moderniséierung vun der Streck ass d'Gare Nidderkuer du bäikomm:
- 25. Mäerz 1985: Accord vum CFL-Verwaltungsrot fir de Bau vun der Gare,
- 8. Juli 1985: d'Aarbechte fir e Budget vu knapp 9,80 Millioune Frang ginn un d'Firma Lazzara verginn,
- 16. September 1985: d'Aarbechte fänken un,
- 12. Mee 1986: wéinst engem Hangrëtsch gëtt een Zousazkredit vu 6,4 Millioune Frang gëtt accordéiert ,
- 1. Juni 1986: d'Gare geet fir de Persounentrafick op.[1]
Zich déi an der Gare halen
[änneren | Quelltext änneren](Stand: Abrëll 2025)
Aller
[änneren | Quelltext änneren]| Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
|---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodange[änneren | Quelltext änneren] | ||||||
| Lëtzebuerg | Déifferdeng | RB | Péiteng | Rodange oder | ||
Ëlwen ↔ Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodange[änneren | Quelltext änneren] | ||||||
| Miersch | Déifferdeng | RE | Péiteng | Péiteng | ||
Retour
[änneren | Quelltext änneren]Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Gare Nidderkuer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Aktuell Departen an der Gare Nidderkuer
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Nidderkuer op der CFL-Websäit
- D'Gare Niederkuer op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Niederkuer op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Quell vum Kapitel „Geschicht“, wou net anescht uginn: Federmeyer, Ed, und Pierre Pasquali. Eisenbahnen in Luxemburg. Gernrode: W. Herdam Fotoverl., 2007. Print. (Esch-Petingen-Rodingen, pp. 370 383, 389)

