Gare Revin

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
REVIN
D'Gare vu Revin 2012

D'Gare vu Revin ass eng Gare vun der SNCF zu Revin, op der Eisebunnsstreck Soissons-Givet, um p.k. 175.403 tëscht der Gare vun Anchamps an der Gare vu Fumay.

D'Gare ass fir de Fret-Service op, si huet e Gebai fir Passagéier, mat Guichet an Automate fir Billjeeën ze kafen. Se huet eng Salle d'attente a gedeckte Quaien. Se läit am Quartier Bouverie um Bord vun den Industrieterrainen.

Eng ronn 500 Meter südlech vun der Gare an Direktioun Anchamps läit den Tunnel vu Revin.