Gare Sandweiler-Konter

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Gare Sandweiler-Konter
Contern, CFL Halte Sandweiler-Contern (2).jpg
Streck 3
PK 7,060
Quaien 2
Gleiser 2
Uertschaft Konter (Weiergwan)
Gemeng Konter
Kanton Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 35’ 56.4’’ N
6° 12’ 44.8’’ O
Websäit CFL.lu

D'Gare Sandweiler-Konter ass eng Gare op der CFL-Linn 3, der sougenannter Tréierer Streck, tëscht der Gare Zens-Hamm an der Gare Éiter vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

Mat der Modernisatioun vun der Eisebunnslinn 3 gouf dës Gare nieft der Industriezon „Weiergewan“ gebaut an ass den 13. Dezember 2015 op gaangen.

D'Tréierer Streck féiert vu Lëtzebuerg bis op Waasserbëlleg an da weider op Tréier a Wittlech.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Vun der Strooss vu Sandweiler op Konter (CR234) geet den CR234A no lénks vun der Haaptstrooss fort, verleeft um éischte Stéck parallell a Richtung Süde mam CR234 a geet dann a Richtung Osten als Sakgaass weider. D'Gare läit do wou d'Eisebunn ënnert dem CR234 erduerch féiert.

Ënner anerem ass d'Wierk vun „Dupont de Nemours“ iwwer e Fousswee mat der Gare verbonnen.

Déi al Gare[änneren | Quelltext änneren]

Déi al Gare louch ronn 520 Meter méi westlech op der Sandweiler-Gare, engem Lieu-dit tëscht den Uertschaften Konter a Sandweiler, um Gebitt vun der Gemeng Hesper; se gëtt mëttlerweil net méi ugefuer an d'Quaie si verschwonnen.[1]

Bei der aler Gare vu Sandweiler-Konter war e gratis Park & Rail-Parking mat 28 Parkplazen a spezielle Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Mä déi al Gare hat nëmmen eng Trap fir op déi aner Säit op de Quai ze kommen.

Zich déi an der Gare halen[änneren | Quelltext änneren]

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Zens-Hamm   RB
CFL-Linn 30 
  Éiter Waasserbëlleg
Lëtzebuerg Lëtzebuerg   RE
CFL-Linn 30 
  Mënsbech Wittlich

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gare Sandweiler-Konter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Zweigleisiger Ausbau der Zugstrecke Luxemburg – Sandweiler-Contern op wort.lu vum 9. Mäerz 2015


Garen op der Streck Lëtzebuerg - Waasserbëlleg / Linn 3

Lëtzebuerg - Zens-Hamm - Sandweiler-Konter - Éiter - Mënsbech - Rued - Betzder - Wecker - Manternach - Mäertert - Waasserbëlleg
Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Linn 1 · Linn 2 · Linn 5 · Linn 6 · Linn 6c · Linn 6b · Linn 7 · Linn 80