Gare Stockem

Vu Wikipedia
D'Gare Stockem a Richtung Namouer gesinn

D'Gare Stockem ass eng Gare vun der SNCB zu Stackem bei Arel, op der Eisebunnsstreck Sterpenech-Namouer, um p.k. 194.6 tëscht der Gare vu Viville an där vun Habay.

D'Gare huet zwéi Quaie fir de Persounentrafic.

Déi Stackemer Gare ass awer haaptsächlech bekannt wéinst der grousser Rangéiergare an dem Areler Tractiounsatelier deen 1926 dohinner verluecht gi war.