Op den Inhalt sprangen

Gare Uewerkuer

Vu Wikipedia
Gare Uewerkuer
Vue op d'Uewerkuerer Gare (2025)
ass eng Gare
Status am Gebrauch
opgaang 1879
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Déifferdeng
Koordinaten 49°30'38,639"N, 5°53'27,326"O
Héicht i. M. 324 m
Statiounscode Ok
Streck(en) CFL-Linn 6
P.K. 6,250 km
Gleiser 2
Passagéier/Joer 171.347
  (2022)
Nopeschstatioun(en) Gare Déifferdeng,
Gare Bieles-Zolwer
Kaart
Lag vun der Gare Uewerkuer

D'Gare vun Uewerkuer ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit südwestlech vum Zentrum vun Uewerkuer an der Gemeng Déifferdeng a gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:

  • Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange
  • Ëlwen - Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange.

Se läit tëscht der Gare Bieles-Zolwer an där vun Déifferdeng.

Bei der Gare ass e Park & Rail-Parking mat just 14 Plazen an enger spezieller Parkplaz fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Bei der Gare gëtt et zwou Bikeboxe fir säi Vëlo ënnerdaach ze stellen. D'Gare ass op der Halt Oberkorn, Aquasud un den TICE- an RGTR-Reseau ugebonnen.

D'Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng ass den 1. August 1873 opgaangen, mat deemools just de Garen Esch, Bieles, Déifferdeng a Péiteng. Zu Uewerkuer gouf deemools scho Minett gelueden, d'Gare vun Uewerkuer ass fir de Persounentrafick awer eréischt 1879 bäikomm. E Voyageursgebai gouf et eréischt vun 1903 un[1]; et gouf am Februar 1985 ewechgerappt.[2]

Zich déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]

(Stand: Abrëll 2025)

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung

Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodange

[änneren | Quelltext änneren]
Lëtzebuerg Bieles-Zolwer   RB   Déifferdeng Rodange oder

Péiteng

Ëlwen ↔ Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodange

[änneren | Quelltext änneren]
Miersch Bieles-Zolwer   RE   Déifferdeng Péiteng

Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.

 Commons: Gare Uewerkuer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Gast Poos, Die Bahnhöfe und Haltestellen in der Gemeinde Differdingen, in: Associatioun FNCTTFEL Péiteng, 1917-1992: Fändelweih: 25. Oktober 92, S. 85
  2. Quell vum Kapitel „Geschicht“, wou net anescht uginn: Federmeyer, Ed, und Pierre Pasquali. Eisenbahnen in Luxemburg. Gernrode: W. Herdam Fotoverl., 2007. Print. (Esch-Petingen-Rodingen, pp. 370, 383)