Op den Inhalt sprangen

Gare Wuelmereng

Vu Wikipedia
Gare Wuelmereng
D'Z2 2017 an der Gare zu Wuelmereng (2019)
ass eng Kappgare
Status am Gebrauch
opgaang 15. Dezember 2003
Lag vun der Statioun
Land Frankräich
Gemeng Wuelmereng
Uertschaft Wuelmereng
Koordinaten 49°27'23,36"N, 6°4'44,36"O
Héicht i. M. 303 m
Reseau
Statiounscode Vm
Bedreiwer CFL
Reseau CFL-Zuchreseau
Linn(en) Eisebunnsstreck Beetebuerg-Wuelmereng
P.K. 7,000 km
Gleiser mat Quai 1
Passagéier/Joer 65.545
  (2022)
Nopeschstatioun(en) Gare Diddeleng-Schmelz
Websäit https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Volmerange-les-Mines
Kaart
Lag vun der Gare Wuelmereng

D'Gare vu Wuelmereng ass eng Kappgare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit um nërdleche Wupp vu Wuelmereng ((fr) Volmerange-les-Mines) an der franséischer Gemeng mam selwechten Numm, am Museldepartement an der Regioun Grand Est.

Se gehéiert zur Niewelinn Beetebuerg - Wuelmereng vun der Linn Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange vum CFL-Zuchreseau.

Déi lescht Gare viru Wuelmereng ass Diddeleng-Schmelz. Bei der Gare ass e Park & Rail-Parking mat 152 Plazen an zwou spezielle Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Bei der Gare ass d'Bushalt Volmerange-les-Mines, Gare, den Terminus vun der RGTR-Linn 507.

Den 10. Abrëll 2001 gouf en Accord tëscht dem Lëtzebuerger Transportminister an dem franséische Prefekt iwwer eng Verbesserung vum ëffentlechen Transport an der Grenzregioun ënnerschriwwen. Eng vun de Moossnamen an deem Accord war d'Verlängerung vun der Eisebunnsstreck Beetebuerg-Diddeleng bis op Wuelmereng.

Fir de Projet ze realiséieren, goufen ARCELOR-Terraine gebraucht. De Kaf vun den Terrainen, de Bau vum Ënnerbau an de Quaien, d'Verleeë vun de Schinnen asw. gouf vum Lëtzebuerger Staat finanzéiert, iwwerdeems d'Käschte fir de Bau vum Parking an déi néideg Stroosseverbindung op der franséischer Säit vun der franséischer Communauté de communes de Cattenom et Environs iwwerholl gouf. Am Ganzen huet de Lëtzebuerger Staat iwwer de Fonds du rail 6,05 Milliounen Euro investéiert.

D'CFL huet sech ëm d'Plangen an d'Iwwerwaache vun den Aarbechte gekëmmert, mat ë.a.:

  • zu Wuelmereng, Bau vun engem 150 m laange Quai, mat engem Ënnerdaach fir d'Passagéier an d'Vëlosfuerer,
  • an der Gare Diddeleng-Schmelz, d'Verlängerung vum urspréngleche Quai ëm 37 m, de Bau vun engem zweete Quai vun 160 m an de Bau vun enger Ënnerféierung. Den zweete Quai war néideg ginn, fir en Hallefstonnentakt op der Streck garantéieren ze kënnen.

Den 3. Dezember 2003 ass eng éischt Testfaart op Wuelmereng gemaach ginn, ier d'Streckeverlängerung mat der neier Gare den 10. Dezember 2003 ageweit a mam Fuerplangwiessel de 15. Dezember fir d'Voyageuren opgaangen ass.

Tarifikatioun

[änneren | Quelltext änneren]

Obwuel d'Gare vu Wuelmereng net um Lëtzebuerger Territoire läit, zielt d'Gratuitéit do trotzdeem, well se als "Gare assimilée" zum CFL-Reseau gehéiert.

Zich déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]

(Stand: Mäerz 2025)

Linn Beetebuerg ↔ Wuelmereng

[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Beetebuerg Diddeleng-Schmelz   RB   Terminus Wuelmereng
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Wuelmereng Terminus   RB   Diddeleng-Schmelz Beetebuerg

Quell vum Abschnitt Geschicht:

  • Federmeyer, Ed, und Pierre Pasquali. Eisenbahnen in Luxemburg. Gernrode: W. Herdam Fotoverl., 2007. Print. (S. 360-362)
Commons: Gare Wuelmereng – Biller, Videoen oder Audiodateien