Gare vun Hindel

Vu Wikipedia
Gare vun Hindel
Land Belsch
Provënz Provënz Léck
Gemeng Plombières
Uertschaft Hindel
Koordinaten 50°43'40,4"N, 5°55'53,8"O
Charakteristiken
Linn Linn 38
Chênée-Plombières
Gleiser 0 (fréier 1)
Quaien 0 (fréier 1)
Héicht 208 m
PK 40,1
Geschicht
Opgaangen 22. September 1881
Zougemaach 2. Juni 1957


D'Gare vun Hindel war eng belsch Gare op der fréierer Eisebunnstreck Chênée-Plombieres zu Hindel, tëscht der Gare vun Hombourg an där vu Plombières an op der Linn 24 tëscht der Gare vu Remersdaal an där vu Montzen.

Se gouf 1881 vun der Compagnie des chemins de fer du plateau de Herve a Betrib geholl. 1895, gouf se sou wéi och d'Streck vun de Chemins de fer de l'État belge iwwerholl an 1957 vun der SNCB zougemaach.

D'Gebai vun der Gare gouf ëm 1953 ewechgerappt, op der Säit vun Hindel gesäit een nach just den Tracé vun der fréierer Streck bis op d'Plaz wou fréier Gare stoung.