Gast Michels

Vu Wikipedia
Gast Michels
Gast Michels - Portrait 2010.jpg
Gebuertsnumm Gaston François Michels
Gebuer 11. Januar 1954
Iechternach
Gestuerwen 5. Februar 2013
Marseille
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée classique d'Echternach,
École supérieure des arts Saint-Luc
Aktivitéit Moler
Famill
Liewenspartner(in) Marie-José Michels-Meyers, Yvette Tosseng
Papp José François Michels
Mamm Pauline Marie Michels-Steines
Geschwëster Liliane Michels, Emile Michels
Kanner David Michels, Frank Michels
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Gast Michels, gebuer den 11. Januar 1954 zu Iechternach, a gestuerwen de 5. Februar 2013 zu Marseille, war e lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1960 bis 1972 ass de Gast Michels d’Primärschoul zu Konsdref, an duerno den Iechternacher Lycée Classique gaangen.[1]

Studéiert huet hie vun 1974-1980 op der École Supérieure des Arts Saint-Luc zu Léck an der Belsch. Säi Professer Pierre Deuze hat eng Influenz op seng Aarbecht, an de Gast Michels hat nach bis zu sengem Liewensenn Kontakt mat him.[1]

No sengem Studium bestit hien 1980 d’Marie-José Meyers an installéiert sech mat engem Atelier an der Walfer Millen. Vun 1980 bis 1988 huet hien säin Akommes nach als Zeecheproff a Lëtzebuerger Lycéeën opgebessert.[1]

Vun 1988 un huet hien als fräischafenden an haaptberuffleche  Kënschtler reegelméisseg an der Galerie de Luxembourg ausgestallt. Ab 2002 huet hie méi dacks am Espace Mett Goedert zu Konsdref seng Eenzelausstellunge selwer organiséiert a realiséiert.[2]

Ab 1993 war hie Member am Rotary Club Luxembourg. 1994 war fir hien d’Entdeckung vum Computer als Kreativtool[1] ee wichtege Moment a  senger technescher Entwécklung. 1996 ass seng Fra verstuerwen[1], ee biografescht Erliefnis dat een Aschnëtt a senger Karriär bedeit. An der Zäit duerno intensivéiert hien seng Kreatioun mam Computer an seng Ausenanersetzung mat Skulpturen. Et entsti Collage mat digitalen Elementer, awer de Computer gëtt och benotzt fir Virbereedunge vu stolene Skulpturen, wéi een et u senge Steel Drawings (1998) gutt gesäit.[3]

2006 realiséiert de Gast Michels eng Fresk vun 258 m2, genannt ‘Atmosphère urbaine’, fir d’Gemengeverwaltung vun der Stad Lëtzebuerg (Rocade 3).[1] An senger Karriär huet den Artist op d’mannst eng 15 groussformateg Wandmolereien an Accrochagen am ëffentleche Raum realiséiert.[4]

Tëschent 1978 an 2011 hat hie 40 Eenzelausstellungen an op d’mannst 110 Participatiounen a Gruppenausstellungen a Konschtfoiren, virun allem zu Lëtzebuerg awer och op der ganzer Welt: ënnert aneren zu Köln, Paräis, Lissabon, Kopenhagen, Stockholm, Dubai, Nei-Delhi, Tokyo an zu New York.[2]

Kreativschafender, mat deenen de Gast Michels Kontakt gehalen huet, waren ënnert aneren de Schrëftsteller Joseph Paul Schneider, de Serigraphist Francis Van Maele, den Theaterregisseur Claude Frisoni, an de Schrëftsteller Gast Groeber.

Hien hat zwee Jongen an huet zu Walfer geschafft a gelieft. En zweet Doheem mat Atelier hat en a Frankräich zu Vaison-la-Romaine am Vaucluse an der Provence, wou hien 2009 mat senger Liewenspartnerin Yvette Tosseng  higeplënnert ass. 2011 huet hien een Traitement géint Leukemie ugefaangen.

De Gast Michels ass de 5. Februar 2013, am Alter vun 59 Joer, zu Marseille gestuerwen. Hien ass um Kierfecht zu Konsdref begruewen.

Stil a Bedeitung[änneren | Quelltext änneren]

Säin éischte Kontakt mat der Konschtwelt hat hien, wéi hien als Teenager an de spéiden 1960er Joren an der Konsdrefer Scheier als Wiechter fir déi do organiséierten zäitgenëssesch Ausstellunge geschafft huet.[5]

Dem Kënschtler säi fréie Kontakt mat de Bëscher an der Natur vum Mëllerdall, huet wuel an him eng laang wierkend Faszinatioun fir d’Natur an dem Sujet vun der ‘Ursprünglichkeit’[6] hannerlooss, déi sech duerch säi ganzt Wierk zitt. D’Flora an d’Fauna, esouwéi d’Motiver vum Bësch a Form vu sengen archaeschen Erzielungen an Artefakten, sinn an sengem Fréiwierk ganz present. Och d’Verwendung vun Holzelementer aus Bëscher als Support waren en Deel vu sengem technesche Repertoire. Esou krut de Gast Michels vum Joseph-Paul Schneider de Spëtznumm l’homme des forêts[7]

Dem Gast Michels säi Stil huet eng emotional a subjektiv Approche, déi sech mat dem Mëttel vun expressive Pinselstrécher ausdréckt[8] a gëtt am Allgemengen dem Konschtstil vum Neo-expressionismus zougeuerdent. Esou vergläicht de Lucien Kayser dem Artist säi Faarfgebrauch mat deem vum Horst Hödicke, ee vun de Grënnungsmembere vun den ‘Neuen Wilden’.[9]

Seng Biller sinn abstrakt, mä stellen zu gläicher Zäit och figurativ Sujeten, z. B. Mënschen, op eng ganz stiliséiert Aart a Weis duer. Hien huet och dacks Impressiounen aus senger onmëttelbarer Noperschaft a senge Wierker verschafft. Sou kënnt ëmmer erëm Waasser an e Millerad vir, wat dohier kënnt, well hien zu Walfer an der aler Mille gewunnt huet. Och urban Elementer vun der Stad Lëtzebuerg, wéi d’Rout Bréck[10] an d’spuenesch Tiermercher vun de Festungsmaueren, kommen ëmmer nees am Michels senge Biller zréck.

Eng rekurrent Faarfkombinatioun vum Kënschtler war Giel a Blo, zwou Faarwen, déi, wann se gemëscht  ginn, Gréng erginn, d’Faarf vun der Natur.[11] Ënnert anerem Stären, Rieder, Déierekäpp, Feiler an  aneren organesche Forme ginn zu Symboler, déi de Kënschtler gäre mat engem markante schwaarze Stréch iwwer méi grouss etaléiert faarweg Fläche poséiert.[12]

A sengem Spéitwierk huet de Gast Michels mat Buschtawen, Zuelen a grapheschen Elementer am Piktogrammstil experimentéiert. Dacks ass dann d’Stilmëttel vun der Widderhuelung an dem Layering genotzt ginn, wat gehollef huet, déi abstrakt Qualitéite vun der Kompositioun z’ënnersträichen. Déi spilleresch Verwendung vun der Linn an der Faarf an deene Wierker erënnert un d’Ästhetik vum Graffiti.[13]

Wéi de Michels 2007 an engem Interview erkläert, huet hien net d’Welt bereest, mä hien ass éischter op enger konstanter Entdeckungsrees duerch d’Geographie vu sengem eegenen ënnerleche Liewen a vu sengem Heemechtsland gewiescht.[14]

Niewent dem Gast Michels ass keen anere Lëtzebuerger Kënschtler bekannt, iwwert deen een Text vum renomméierte franséische Konschtkritiker Pierre Restany verfaasst gouf.[15] Zesummen hunn déi zwee 1991 eng Serie vu Lithografien ‘Les rochers’ erausbruecht, wou d’Grafike vum Kënschtler vun engem Text vum Konschtkritiker begleet goufen.[16]

Dem Gast Michels seng Wierker sinn a sëllege privaten an ëffentleche Sammlungen - national wéi international - vertrueden.

Successioun[änneren | Quelltext änneren]

Seng Kanner David Michels a Frank Michels hunn nom Doud vum Kënschtler 2013 ee laange Prozess vun der Inventariséierung an der Verëffentlechung vum Wierk, ënner dem Numm Gast Michels Estate ugefaangen. Ee weidere Volet vun hirer Aarbecht ass d’Organiséiere vun Ausstellunge mat Muséeën a mat Galerien. D’Zil ass, dem Gast Michels säi Wierk fir zukünfteg Generatioune weider um Liewen ze behalen.[17] Hir Aarbecht un der Successioun ass, niewent där vum Michel Majerus, eent vun deene rare Beispiller vu Kënschtlernoloosser, déi zu Lëtzebuerg fonctionnéieren.[18]

Studium an Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Zitater[änneren | Quelltext änneren]

  • Ech sinn wéi e Boxer. Ech trainéieren e Liewe laang fir am richtege Moment de richtege Pinselstréch ze zéien.
  • Sou bal ech meng Ënnerschrëft ënner e Bild setzen, gehéiert et mir net méi.

Ausstellungen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Monografien[änneren | Quelltext änneren]

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Revue Nr. 7 vum 13. Februar 2013 S. 24: Nachruf auf Gast Michels: Der Zeichenmaler
  • Michels, Danièle. “Gast Michels. Wie ein Boxer.ˮ Revue 48, November 1994, p. 31
  • Michels, Gast in: Steffen, Maggie. “Un défi nouveau. Le peintre et ‘son drapeau.‘ˮ Tageblatt, 01.03.1995
  • Schneider, Joseph Paul. “Gast Michels, homme des forêts.ˮ Luxemburger Wort, 27.10.1989
  • Vermast, Elisabeth. “Galerie de Luxembourg. Zwischen Symbolen und Computer. Gast Michels und Kreationen von 1995 – 1998.ˮ Journal, 26.06.1998
  • RTL, 2009, https://www.rtl.lu/kultur/news/340.html
  • Signatures – Portraits et Autoportraits - Artistes Plasticiens au Luxembourg, Lambert HERR, Editions Saint-Paul, Luxembourg 2001, ISBN : 2-87963-382-6

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 (en)Gast MICHELS. Gast Michels Estate. Gekuckt de(n) 2022-09-29.
  2. 2,0 2,1 (en)Shows. Gast Michels Estate. Gekuckt de(n) 2022-09-29.
  3. Hausemer, Lis: Gast Michels (1954-2013): Movement in colour, form and symbols, Musée national d’histoire et d’art & Cercle Cité, 2022, Säit 26
  4. (en)Works. Gast Michels Estate. Gekuckt de(n) 2022-09-29.
  5. Hausemer, Lis: Gast Michels (1954-2013): Movement in colour, form and symbols, Musée national d’histoire et d’art & Cercle Cité, 2022, Säit 15
  6. Kolberg, Gerhard: Über die Natur der Werke von Gast Michels, in: Gast Michels, Galerie de Luxembourg, 1991, Luxembourg, Säit 79
  7. Schneider, Joseph-Paul: Gast Michels, homme des forêts, Luxemburger Wort, October 1989, non paginé
  8. Vermast, Elisabeth: L’homme des forêts, Neue Arbeiten von Gast Michels in der Galerie Luxembourg, Journal, novembre 1998, non paginé
  9. Kayser, Lucien: Gast Michels, Catalogue Galerie de Luxembourg, 1987, non paginé
  10. Hausemer, Lis: Gast Michels (1954-2013): Movement in colour, form and symbols, Musée national d’histoire et d’art & Cercle Cité, 2022, Säit 23
  11. Michels, Gast: Welter, R.: Interview avec Gast Michels / Gespräch mit Gast Michels, Revue culturelle “Estuaires”, n° 6, 1988, Säiten 43–44
  12. Hausemer, Lis: Gast Michels (1954-2013): Movement in colour, form and symbols, Musée national d’histoire et d’art & Cercle Cité, 2022, Säit 24
  13. Hausemer, Lis: Gast Michels (1954-2013): Movement in colour, form and symbols, Musée national d’histoire et d’art & Cercle Cité, 2022, Säit 27
  14. Michels, Gast: Making of an exhibition, Film produzéiert vu BIFA Luxembourg (Maurice Molitor), 2007
  15. Restany, Pierre: Gast Michels, «L’homme de la forêt luxembourgeoise», in: Gast Michels, Galerie du Luxembourg, 1991, Säit 6.
  16. Hausemer, Lis: Gast Michels (1954-2013): Movement in colour, form and symbols, Musée national d’histoire et d’art & Cercle Cité, 2022, Säit 15
  17. Taylor, Katja: Museomag, Oktober 2022
  18. Taylor, Katja: Gast Michels (1954-2013): Movement in colour, form and symbols, Musée national d’histoire et d’art & Cercle Cité, 2022, säit 108