Gaston Barbanson

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Gaston Barbanson
Gebuer 26. Juni 1876
Ixelles
Gestuerwen 4. Mee 1946
Lëtzebuerg
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Geschäftspersoun
Famill
Geschwëster Gabrielle Barbanson
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Gaston Barbanson, gebuer de 26. Juni 1876 zu Ixelles a gestuerwen de 4. Mee 1946 zu Lëtzebuerg, war e belsche Stolindustriellen a President vum Conseil d'Administration vun der ARBED.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Gaston Barbanson staamt, vu sengem Papp senger Säit, aus enger aler Bréisseler Magistratefamill. Säi Papp, de Léon Barbanson war Vizegouverneur vun der Société Générale de Belgique a seng Mamm d'Wilhelmine Tesch war d'Duechter vum Victor Tesch, engem belsche Politiker an Industrielle vu lëtzebuergescher Ofstamung.

Hien huet zu Bréissel um Athenée royal d'Ixelles studéiert wou hie säin Ofschloss am Alter vu 17 Joer (1895) gemaach huet. Duerno huet hien op der Fräier Universitéit vu Bréissel (ULB) Philosophie an Droit studéiert an am Juli 1898 säin Diplom als docteur en droit kritt.

Hien huet sech als Stagiaire um Barreau vu Bréissel ageschriwwen, huet sech awer geschwënn fir eng Carrière an der Wirtschaft decidéiert.

No engem Stage vun engem Joer bei enger Bank zu Köln huet hien d'Leedung vun enger Bréisseler Firma iwwerholl, an där hien awer nëmmen 18 Méint bliwwen ass.

Duerno gouf hie Sekretär vun engem Comité fir d'Kreatioun vun enger Zénkfabréck am Limburg.

1903 gouf hien Direkter vun der Société des Ciments de Buda zu Haren (haut Gemeng Bréissel), wou hie fir d'éischt Administrateur an duerno President gouf.

1905, am Alter vun 29 Joer, gouf de Barbanson Kommissär vun der Société des Hauts-fourneaux et Forges de Dudelange.

1911 huet hien zesumme mam Émile Mayrisch d'ARBED gegrënnt a war vun Ufank u Member vum Conseil d'Administration.

1914 huet hie sech fräiwëlleg an d'belsch Arméi gemellt, wou hien am Ufank un der Front gekämpft huet, an duerno bis zum Enn vum Krich Delegéierte vum Krichsministère war. Während dem Belsche Regierungsexil zu Sainte-Adresse bei Le Havre an zu Paräis huet hien d'Generalsekretariat vum belsche Conseil économique dirigéiert.

De Gaston Barbanson war, mam Pierre Nothomb a mam Fernand Neuray, e groussen Unhänger vun der grande Belgique, engem Wonschkonzept, dat dora bestoung, am Fall vun enger Victoire am éischte Weltkrich, Territoirë ronderëm d'Belsch z'annektéieren, dorënner de ganze Grand-Duché, Zeeuws-Vlaanderen, d'Kantonen Eupen, Malmedy a Sankt-Väit, an d'Gebidder ronderëm Béibrech, Neierbuerg, asw.

1919 gouf hie President vun der ARBED a huet zesumme mam Eugène Schneider d'Société Métallurgique des Terres Rouges an d'Société Minière des Terres Rouges gegrënnt.

1921 ass hien a Südamerika gaangen, an huet Companhia Siderurgica Belgo-Mineira gegrënnt, vun där hien och de President gouf.

1935 ass hien zesumme mam brasilianesche President mat derbäi wéi fir d'Usina Barbanson zu Monlevade de Grondstee geluecht gouf.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Ënner anerem:

Nom Gaston Barbanson benannt[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jacques Willequet, Gaston Barbanson, promoteur d'une 'grande Belgique' en 1914-1918 ; in: Revue belge de Philologie et d'Histoire / RBPH, XLVIII, 1970, Heft 2, Ss. 335-376 (= 1. Deel) & Heft 4, Ss. 1177-1206 (= 2. Deel).
  • Fr. Balace, E. Defoort, P.H. Desneux, M. De Waele, K. Grünebaum, Gilbert Trausch, J. Willequet, Pierre Nothomb et le nationalisme belge ; actes du colloque du 11 septembre 1976 au Pont d'Oye; in: Cahiers de l'Académie luxembourgeoise, nei Serie, 8, Arel, 1980; 80 Säiten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]