Gebittskierperschaft (Däitschland)

Vu Wikipedia

Vertikal Verwaltungsstruktur vun Däitschland

Vertikal Verwaltungsstruktur vun Däitschland

Eng Gebittskierperschaft ass an Däitschland eng Juristesch Persoun, déi dem Droit public ënnersteet, an där hir Aufgab d'Verwaltung vun engem Deel vum Staatsterritoire ass. Dëst geschitt duerch en Organ wéi z. B. dem Bundestag, dem Landtag, dem Landrot oder dem Gemengerot.

E bestëmmten Territoire ka gläichzäiteg verschiddenen, ënnereneen hierarchesch geglidderte Gebittskierperschaften ënnerstoen.

Uewen an der Pyramid vun der Verwaltungsstruktur fënnt een de Bund, deen de gesamte Staatsterritoire ënner sech huet. Een Treppléck méi déif fënnt een déi 16 Bundesländer. A grousse Länder ass de Landesterrioire verwaltungstechnesch gesinn dann nach a Regierungsbezierker ënnerdeelt, mä a klenge Länder feelt deen Treppléck ganz. Nach en Niveau méi déif hu mer entweeder Landkreeser (323 am Ganzen) oder kreesfräi Stied (118 am Ganzen, meeschtens Groussstied). D'Landkreesser hirersäits ginn op lokalem Plang vun de Gemengeverwaltungen ënnerstëtzt.

En Uert verwalt sech um ënneschten Niveau entweeder selwer als Gemeng oder kreesfräi Stad, oder en ass en einfachen Uertsdeel ouni de Status vun enger Gebittskierperschaft, an e bilt da mat nach aneren Uertsdeeler zesummen eng Gemeng oder eng kreesfräi Stad. Am leschte Fall nennt een den Uertsdeel och nach Staddeel oder Stadbezierk.

Kleng Remark: Uert (och: Uertschaft) ass en Uewerbegrëff, mat deem souwuel en Duerf wéi och eng Stad gemengt ka sinn. En Duerf ass also verwaltungstechenesch gesinn entweeder en Uertsdeel vun enger Gemeng oder selwer eng Gemeng; eng Stad ass entweeder en Uertsdeel (Staddeel) vun enger Gemeng mat Stadrecht oder vun enger kreesfräier Stad, oder selwer eng Gemeng oder eng kreesfräi Stad. Ëmgedréint ass och eng Groussstad eng Uertschaft.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]