Gedenkplack fir d'Spueniekämpfer

Vu Wikipedia
Gedenkplack fir d'Spueniekämpfer
Typ Gedenkplack
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Uewerstad
Adress Constitutiounsplaz
Koordinaten 49°36'33,30"N, 6°7'45,66"O
Ageweit 10. Oktober 2021
Zu Éiere vun Spueniekämpfer

D'Gedenkplack fir d'Spueniekämpfer ass eng Plack op der südlecher Säit um Sockel vum Monument du souvenir op der Constitutiounsplaz an der Stad Lëtzebuerg.

Si erënnert un d'Spueniekämpfer, déi Leit, déi fräiwëlleg als international Brigadisten op der Säit vum Frente popular an de Spuenesche Biergerkrich gezu sinn, fir géint déi franquistesch Truppen ze kämpfen. Vu Lëtzebuerg aus waren dat der ëm déi 100.

D'Plack gouf am Kader vum Nationale Kommemoratiounsdag den 10. Oktober 2021 vum Premier Xavier Bettel an der Paca Rimbau-Hernández, Presidentin vun der Association des amis des brigades internationales – Luxembourg (ABI-L) devoiléiert.


Den franséischen Text op der Plack ass deen heiten:

HOMMAGE
AUX VOLONTAIRES DES BRIGADES INTERNATIONALES
PARTIS DU LUXEMBOURG, QUI ONT DÉFENDU
LES VALEURS DÉMOCRATIQUES PENDANT
LA GUERRE D'ESPAGNE 1936-1939


LE PEUPLE LUXEMBOURGEOIS
LEUR EXPRIME SA RECONNAISSANCE POUR
LEUR RÉSISTANCE FACE AU FASCISME

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Zeremonie vun der Aweiung[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gedenkplack fir d'Spueniekämpfer – Biller, Videoen oder Audiodateien