Geert Müller-Gerbes

Vu Wikipedia
Geert Müller-Gerbes
Gebuer 18. September 1937
Jena
Gestuerwen 22. November 2020
Bonn
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Televisiounsmoderateur, Journalist, Radiosspeaker

De Geert Müller-Gerbes, gebuer den 18. September 1937 zu Jena a gestuerwen den 22. November 2020 zu Bonn[1], war en däitsche Journalist an Televisiounsmoderator.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Müller-Gerbes huet no sengem Abitur e Stage bei der Heidenheimer Zeitung gemaach. Dono huet hien op der FU Berlin Geschicht, Soziologie an Droit studéiert an no sechs Joer säi Studium ofgebrach. Hien huet dono fir IBM (Pressebüro), den Tagesspiegel, de RIAS an den SFB geschafft.

1969 gouf hie Porte-parole vum däitsche Bundespresident Gustav Heinemann (bis 1974). Dono huet hie kuerz fir den däitsche Ministère fir Jugend, Famill a Gesondheet als Pressespriecher geschafft, ier en 1976 zu Bonn Däitschlandkorrespondent vum däitschsproochegen RTL Radio gouf. 1984 war er zousätzlech Chefkorrespondent fir den däitschen RTL-Radio a kuerz drop Televisiounsprogramm.

Vun 1985 huet hien op RTL plus d'Talkshow Bonnfetti moderéiert a vun 1988 bis 1992 Die Woche – Menschen im Gespräch. Vun 1992 bis 1999 huet hien d'Konsumenteschutzemissioun Wie bitte?! geleet. Dono huet hien nach e Joer d' WDR-Talkshow ko-moderéiert, a sech dunn an d'Privatliewen zeréckgezunn.

De Geert Müller-Gerbes huet dunn nach 2003 respektiv 2004 zwee Kannerbicher publizéiert, a geleeëentlech Manifestatioune moderéiert.

Hie war bestuet a Papp vu véier Jongen.[1]

Um Spwaeck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Geert Müller-Gerbes gestorben." Spiegel online, 23. November 2020