Geeschterhaischen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geeschterhaischen
Steinsel, Grünewald, Geeschterhaischen (103).jpg
D'Ruin vum Geeschterhaischen am Gréngewald
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Coat of arms steinsel luxbrg.png Steesel
Buergermeeschter J.- P. Klein (LSAP)
Koordinaten 49° 40’ 08.9’’ N
06° 10’ 01.4’’ O


D'Geeschterhaischen ass e Lieu-dit am Gréngewald; en huet den Numm vun engem Juegdhaus, dat op dëser Plaz stoung.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Geeschterhaischen läit op enger Héicht vun zirka 393 m iwwer NN, am Flouer Réngelbur, ëstlech vun der A7, an der Kadastersektioun Steesel vun der Gemeng Steesel.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai gouf ëm 1890 gebaut a vun den Groussherzogen Adolphe a Wëllem IV. als Juegdhaus benotzt. Et hat e Grondrëss vun ca. 4 x 16 m an hat eng Kichen mat enger Spënnchen lénks vum Gank an op der anerer Säit waren en Iesszëmmer mat enger Schminni an dernieft op Openthaltszëmmer.

Wann a fréieren Zäiten d'groussherzoglech Famill fir d'Juegd oder fir d'Entspanung aus dem Uelzechtdall erop an de Gréngewald koum, si si gemenkerhand mat der Päerdskutsch gefuer. De Bëschwee dee vum haitegen CR126 - tëscht dem Stafelter an deem Punkt wou en op de CR125 stéisst - a Richtung Nordoste fortgeet a laanscht d'Geeschterhaischen bis bei d'Prinzessinnen-Eeche féiert, gouf dowéinst Kutschewee genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Geeschterhaischen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]