Gefier
Ausgesinn

E Gefier ass e Verkéiers- oder Transportmëttel, dat der Beweegung vu Persounen, Déieren a Gidder déngt.
Et ënnerscheet een tëscht de Gefierer, déi iwwer de Buedem (zum Beispill Auto, Zuch, Dreckswon oder Kutsch) oder iwwer d'Waasser (Schëff, Kanu, asw.) fueren oder duerch d'Loft (Fliger, Helikopter, Ballon, asw.) fléien.
E Gefier kann duerch mënschlech Kraaft, en Zuchdéier, Mechanik oder Wandkraaft ugedriwwe ginn.