Gelenkbus


E Gelenkbus (ëmgangssproochlech och alt Ziharmonika oder Ziharmonikasbus) ass en Autobus oder en Trolleybus, deen als Gelenkgefier gebaut ass fir méi Leit transportéieren ze kënnen, an deen trotz senger Längt och a Stroosse mat enke Kéieren agesat ka ginn. E Gelenkbus huet gemenkerhand eng Längt vun ëm déi 18 m. D'Géigestéck ass de sougenannten 12 Meter-Standardbus.
E Gelenkbus besteet aus engem zwee- oder dräiachsege viischten Deel, mat duerno engem Harmonikasballeg an engem Verbindungsgelenk, an dodrun dem hënneschte Won.
Zu Lëtzebuerg gëtt et elektresch an hybrid Gelenkbusser, awer och nach al Busser, mat Dieselmotoren.
Konstruktioun
[änneren | Quelltext änneren]Vu spezielle Konstruktiounen ofgesinn, gëtt et prinzipiell zwou Undriffskonfiguratiounen: de Gelenkbus dee gezu gëtt oder deen, dee gedréckt gëtt ((de) Schub-Gelenkbus). Am éischte Fall ass den Undriff am viischte Gefier, woubäi den hënneschten Deel wéi en normalen Unhänger gezu gëtt an am anere Fall ass den Undriff am hënneschten Deel placéiert.
Absënns mam Opkomme vun de Busse mat nidderegem Buedem ((de) Niederflurbus) ginn hautdesdaags quasi all Gelenkbusse gedréckt: doduerch datt de Motor net méi an der Mëtt vum Gefier ënnert dem Buedem ((de) Unterflur-Mittelmotor), mä hannen am Gefier läit, ass et méiglech de Bus duerchgängeg mat nidderegem Buedem a bal ouni Träpplek ze bauen.
Duebel-Gelenkbussen
[änneren | Quelltext änneren]
Nodeems Duebel-Gelenkbussen (déi aus dräi Deeler mat zwéin Harmonikasballege bestinn) scho méi laang a Südamerika agesat goufen, gëtt et och verschidden europäesch Länner wou sou Modeller fueren. An der Stad Lëtzebuerg ware 25-Meter-Busse vum belsche Constructeur Van Hool an der Schwäizer Firma Hess uganks der 2010er Joren op der AVL-Linn 16 fir op de Fluchhafen am Asaz.
Code de la route
[änneren | Quelltext änneren]Zu Lëtzebuerg ass de Gelenkbus am Code de la route esou definéiert:
„Autocar articulé ou autobus articulé: autocar ou autobus constitué d’au moins deux sections rigides articulées l’une par rapport à l’autre, les compartiments de chaque section communiquant entre eux de façon à permettre aux personnes transportées de circuler librement de l’un à l’autre et les sections rigides étant reliées en permanence et ne pouvant être séparées que par une opération nécessitant un équipement spécial qu’on ne trouve normalement que dans un atelier; selon sa masse maximale, l’autocar articulé ou l’autobus articulé est classé comme véhicule M2 ou M3. Les termes «autocar à articulation» et «autobus à articulation» sont utilisés avec la même signification que les termes «autocar articulé» et «autobus articulé».“
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Gelenkbussen – Biller, Videoen oder Audiodateien |