Op den Inhalt sprangen

Gemeng (Schwäiz)

Vu Wikipedia

Eng Gemeng ass an der Schwäiz (wéi a villen anere Länner) ënnert dem Bund an de Kantonen déi ënnescht administrativ Ënnerdeelung vum federale Staat. Op den 1. Januar 2026 gouf et 2.110 Gemengen[1].

Gemenkerhand gëtt d'Gemeng op Däitsch als Gemeinde bezeechent, iwwerdeems verschidde Kantone se „politesch Gemeng“ (de. politische Gemeinde) nennen. Jee no Kanton gëtt et aner Bezeechnungen:

Zuel vu Gemengen

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemengenzuel geet zënter e puer Joer stänneg zeréck, virun allem wéinst Fusiounen an de Kantone Vaud, Fribourg, Neuchâtel, Wallis an am Tessin, awer och duerch d'Fusioun vu 25 Gemengen am Kanton Glarus zu just nach dräi. Am Joer 1960 gouf et 3.095 Gemengen, am Joer 2000 der 2.899 an am Joer 2010 der 2.596.

Gemenge pro Kanton[1] (Stand: 1. Januar 2026)
Kanton Kierzel Gemengen
Aargau AG 196
Appenzell Innerrhoden AI 5
Appenzell Ausserrhoden AR 20
Bern BE 334
Basel-Land BL 86
Basel-Stad BS 3
Fribourg FR 119
Genf GE 45
Glarus GL 3
Graubünden GR 100
Jura JU 51
Luzern LU 79
Neuchâtel NE 24
Nidwalden NW 11
Obwalden OW 7
Sankt-Gallen SG 75
Schaffhausen SH 26
Solothurn SO 104
Schwyz SZ 30
Thurgau TG 80
Tessin TI 100
Uri UR 19
Vaud VD 300
Wallis VS 122
Zug ZG 11
Zürich ZH 160
Schwäiz 2.110
 Commons: Gemeng (Schwäiz) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 (fr) Département Fédéral de l'Intérieur (DFI) : Application des communes suisses, État des communes. Gekuckt de 26.01.2026.