Op den Inhalt sprangen

Gemeng Biekerech

Vu Wikipedia
Gemeng Biekerech
D'Märei vu Biekerech
An anere Sproochen fr: Beckerich
de: Beckerich
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Réiden
Chef-lieu Biekerech
Buergermeeschter Thierry Lagoda
Awunner 2.913
  1. Januar 2026
Fläch 2.841,6349 ha
Héicht 289 m
Koordinaten 49° 43’ 55’’ N
      05° 53’ 07’’ O
LAU-Code LU0701
Websäit https://beckerich.lu
D'Gemeng Biekerech (orange) am Kanton Réiden (rout)

D'Gemeng Biekerech ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réiden. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Biekerech vun där se och hiren Numm huet.

D'Gemeng huet 2.913 Awunner (Stand 1. Januar 2026)[1][2].

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

Fréier Gemeng Biekerech

Fréier Gemeng Uewerpallen

Häff a Lieu-diten

[änneren | Quelltext änneren]

Fréier Gemeng Biekerech

Fréier Gemeng Uewerpallen

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Nopeschgemengen

[änneren | Quelltext änneren]
Wandrous Ell Réiden/Atert Useldeng Wandrous
N Sëll
W    Biekerech    O
S
Arel (B) Habscht

D'Gemeng Biekerech ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.

Monument fir d'Affer vum Zweete Weltkrich aus der Gemeng

D'Gemeng Biekerech an hirer haiteger Form ass entstane wéi duerch d'Gesetz vum 25. Juli 1846[3] d'Gemeng Uewerpallen opgeléist a bei d'Gemeng Biekerech geprafft gouf.

Entwécklung vun der Awunnerzuel

[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Beschreiwung am Originaltext:

Parti d'or et d'azur à deux crosses adossées de l'un en l'autre mouvant de la pointe et brochant sur la partition, les crosses soutenues à dextre par un loup rampant contourné au naturel et a senestre par un lion d'argent.

De Wope vun der Gemeng gouf an der Sëtzung vum 7. Oktober 1982 vum Gemengerot ugeholl an den 29. Oktober 1982 duerch en Arrêté ministériel agreéiert. D'Publikatioun war am Memorial B vun 1982 op Säit 344. De Projet gouf vum Marcel Lenertz ausgeschafft.

Déi riets Säit vum Wopen,[4] d'or au loup rampant au naturel, kënnt vun den Häre vun Schweech déi bis an d'14. Joerhonnert Meeschter zu Huewel, Schweech an Ielwen waren.

Déi lénks Säit vum Wopen, d'azur au lion d'argent, kënnt vun den Häre vu Giisch, deenen d'Uertschaften Uewerpallen a Liewel gehéiert hunn.

Déi zwéi Bëschofsstief stellen d'Kléischter vu Clairefontaine a Märjendall duer, déi vill Eegentemer um Terrain vun der haiteger Gemeng haten.[5]

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Biekerech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Biekerech ass zanter 1993 mat der ungarescher Gemeng Iváncsa jumeléiert.

Bibliographie

[änneren | Quelltext änneren]
  • Berbeć, S., 1992. Approche typologique de l'architecture rurale au grand-duché de Luxembourg. Publications nationales. Ministère des affaires culturelles. 169 S. ISBN 2-87984-002-3. (Cf. Biekerech S. 9-24).
  • Bosseler, Nicolas: Beckerich, Hüttingen und Levelingen in ihrer schicksalhaften Geschichte im Wandel der Jahrhunderte, 1975.
 Commons: Biekerech – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. STATEC - Population par canton et commune. Gekuckt de 6. Juli 2026.
  3. (fr) Loi du 25 juillet 1846, N° 1525, portant modification de l'ordonnance Royale Grand-Ducale, du 12 octobre 1841, relative à la circonscription judiciaire et administrative. legilux.public.lu (21.08.1846). Gekuckt den 19.07.2020.
  4. Bei der Beschreiwung vu Wopen ass riets déi Säit déi vu vir gekuckt lénks ass. Wope gi beschriwwen aus der Siicht vum Ritter deen d'Schëld gedroen huet, deemno vun hanne gekuckt
  5. Jean-Claude Loutsch, Nicolas Lemogne, Marcel Lenertz, Jean-Albert Fisch (Ed.): Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg. Lëtzebuerg, ISBN 2-87969-000-5, S. 35 (fr).
  6. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  7. Chorale Cecilia Schweecherdaul: 100e anniversaire de la Chorale Ste Cécile Schweichertal. [Schweichertal] : [Chorale Ste Cécile], [puis] Zierden, 1985, p. 43 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg]
  8. Nécrologie. In: L'indépendance luxembourgeoise, 44. Jg., nº 106 (16.04.1914), p. 3 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg]
  9. 1 2 Ehrung für Bürgermeister H. Muller in Beckerich. In: Luxemburger Wort, 130. Jg., n° 298 (29.12.1977), p. 8 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  10. Abschiedsfeier beim Beckericher Gemeinderat In: Luxemburger Wort, 129. Jg., n° 2 (03.01.1976), p. 7 [Digitised by the National Library of Luxembourg.
  11. Henri Muller, neuer Bürgermeister von Beckerich. In: Luxemburger Wort, 128. Jg., n° 269 (22.11.1975), p. 4 [Digitised by the National Library of Luxembourg].