Op den Inhalt sprangen

Gemeng Biwer

Vu Wikipedia
Gemeng Biwer
d'Märei vu Biwer (2012)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Biwer
de: Biwer
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Gréiwemaacher
Gemeng Kanton Gréiwemaacher
Chef-lieu Biwer
Buergermeeschter Marc Lentz
Awunner 1.902
  1. Januar 2026
Fläch 2.303,2472 ha
Héicht 233 m
Koordinaten 49° 42’ 26’’ N
      06° 22’ 25’’ O
LAU-Code LU1102
Websäit http://www.biwer.lu
D'Gemeng Biwer (orange) am Kanton Gréiwemaacher (rout)

Kaart

D'Gemeng Biwer ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Gréiwemaacher. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Biwer vun där se och hiren Numm huet.

D'Gemeng huet 1.902 Awunner (Stand 1. Januar 2026)[1][2].

D'Gemeng Biwer gehéiert zum Kanton Gréiwemaacher a läit am Oste vum Land, am Dall vun der Biwer Baach.

Nopeschgemengen

[änneren | Quelltext änneren]

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

Häff a Lieu-diten

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Biwer ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.

Beschreiwung am Originaltext[3]:

D'or à la croix ancrée de gueules, au chef d'azur chargé de deux crosses d'abbé d'or, garnies d'argent, affrontées et posées en sautoir, liées par deux annelets entrelacés d'argent.

D.C. 12. Juli 1985 - A.M. 18. Oktober 1985 - Mémorial B 1985, Säit 1220 - Projet: Marcel Lenertz 1985.

D'Feld mam Ankerkräiz ass aus dem Wope vun den Häre vu Berbuerg (d'or à la croix ancrée de gueules) vun deenen – vum 11. Joerhonnert un – de gréissten Deel vum Territoire vun der haiteger Gemeng ofgehaangen huet.

D'Bëschofsstief symboliséieren d'Abteie vun Iechternach a vun Tréier (Sankt Maximin).

D'Réng sinn aus dem Wope vun der Famill Wecker (och nach „Weckert“, „Wecquer“, oder „Vecquer“; d'azur à la fasce d'argent accompagnée en chef de deux annelets entrelacés du même et en pointe d'une étoile à six rais aussi d'argent), vun deenen der e puer, ëm 1700, Häre vun Donven a Gréiwemaacher waren.

Demographesch Entwécklung

[änneren | Quelltext änneren]
AwunnerJoer6009001200150018002100180018501900195020002050AwunnerEntwécklung vun der Awunnerzuel


Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • 1843 - 1849: N. Mehlen[4]
  • 1849 - 1879: M. Kermer
  • 1885 - 1897: P. Petesch
  • 1897 - 1902: André Duchscher
  • 1902 - 1904: Michel Meyers
  • 1904 - 1911: André Duchscher
  • 1911 - 1915: Mathias Mehlen
  • 1915 - 1920: Maurice Duchscher
  • 1920 - [≥1933]: Franz Penning[4]
  • ... - ≥ 1963: J.-P. Hubert
  • 1964 -1982: Georges Hurt
  • 1982 - 1993: Emile Kalmes[5]
  • 1994 - 2017: Nicolas Soisson
  • zanter 2017: Marc Lentz

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Biwer ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Perséinlechkeeten aus der Gemeng Biwer

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Gemeng Biwer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. STATEC - Population par canton et commune. STATEC - Population par canton et commune. Institut national de la statistique et des études économiques. Gekuckt den 28. Juli 2026.
  3. Jean-Claude Loutsch, Nicolas Lemogne, Marcel Lenertz, Jean-Albert Fisch (Ed.): Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg. Lëtzebuerg, ISBN 2-87969-000-5, S. 53 (fr).
  4. 1 2 Die Bürgermeister im Distrikt Grevenmacher 1843—1933. In: Obermosel-Zeitung, 54. Jg., nº 75 (30.03.1934), p. 4 [Digitised by the National Library of Luxembourg.
  5. Nach 30-jähriger Tätigkeit im Gemeinderat: Emile Kalmes erhielt die Urkunde des Ehrenbürgermeisters. In: Tageblatt, nº 15 (19.01.2000), p. 28 [Digitised by the National Library of Luxembourg].