Gemeng Bous

Vu Wikipedia
Gemeng Bous
d'Märei vu Bous (2023)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Bous
de: Bous
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Réimech
Chef-lieu Bous
Buergermeeschter Carlo Kütten
Awunner 1.752
  1. Januar 2023
Fläch 1.542,3017 ha[1]
Héicht 155 m
Koordinaten 49° 33’ 19’’ N
      06° 19’ 42’’ O
LAU-Code LU1201
Websäit http://www.bous.lu/
D'Kierch vu Bous
Schëld virun der Gemeng vu Bous

D'Gemeng Bous ass eng fréier lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Réimech, déi op den 1. September 2023 mat der Gemeng Waldbriedemes zu der Gemeng Bous-Waldbriedemes fusionéiert ass.

De Chef-lieu vun der Gemeng war d'Uertschaft Bous, vun där se och hiren Numm hat.

Uertschaften an der fréierer Gemeng[2][änneren | Quelltext änneren]

Zur Gemeng Bous hunn nach follgend Häff a Lieu-dite gehéiert:

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Beschreiwung am Originaltext:

Coupé d'argent à deux bâtons fleurdelisés de sable posés en sautoir chargées en abîme d'un lion de gueules, et de gueules à six molettes d'argent posées 3-2-1.'
D.C. 20. Mäerz 1986 - A.M. 23. Juli 1986 - Mémorial B 1986, Säit 788 - Projet: Marcel Lenertz 1985

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Buergermeeschtere vun der fréierer Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • ...
  • 1952-1964: Jean Cigrang[3]
  • 1964-1975: Ernest Hall[4]
  • ...
  • 1982-1987: Ernest Hall
  • ...
  • 2011-2017: Joseph Johanns
  • 2017-2023: Carlo Kütten

Fusioun[änneren | Quelltext änneren]

2018 koumen d'Pläng op, datt d'Gemeng Bous mat där vu Waldbriedmes kéint fusionéieren.

De Referendum dozou, deen den 3. Abrëll 2022 an den zwou Gemengen organiséiert gouf, ass positiv ausgaangen, mat 56,8 Prozent vun de Wieler zu Bous, déi dofir gewielt hunn (zu Waldbriedemes waren et der 73,6 Prozent)[5].

D'Gesetz zu der Fusioun gouf den 8. Februar 2023 an der Chamber gestëmmt.[6]

Bei de Gemengerotswale vum 11. Juni 2023 gouf dann de Gemengerot vun der neier Gemeng gewielt.

Den 1. September 2023 ass d'Fusioun a Kraaft getrueden, an d'Gemeng Bous huet opgehalen op ze bestoen.

Dat fréiert Paschtoueschhaus vu Waldbriedemes soll déi nei Märei ginn.[7].

Eng Zäitche waren och d'Gemenge Réimech a Stadbriedemes intresséiert, fir bei där Fusioun matzemaachen;[8] doraus ass awer näischt ginn.

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Bous war Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
  2. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  3. Doudesannonce vum 6.08.1970 am Luxemburger Wort
  4. Doudesannonce vum 6.12.2019 am Luxemburger Wort
  5. "Gemenge Bous a Waldbriedemes: 'Jo' zur Fusioun." rtl.lu 03.04.2022 "Waldbredimus/Bous: Referendum zur Fusion am 3. April." wort.lu, 18.10.2021.
  6. Nadine Schwarz: " "Der Weg ist frei für zwei neue Fusionsgemeinden." wort.lu [w+], 08.02.2023.
  7. "Gemeindefusion: Bous und Waldbredimus holen Bürger ins Boot." wort.lu, 28.05.2021
  8. "Remich steigt in Gespräche zu "Mega-Fusion" ein." wort.lu, 23.11.2018.
  9. Luxemburger Wort vum 13. November 2014, S. 26: Bous tritt dem interkkommunalen Wassersyndikat Sidere bei.