Op den Inhalt sprangen

Gemeng Clierf

Vu Wikipedia
Gemeng Clierf
d'Märei am Klierfer Schlass
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Clervaux
de: Klerf
Land Lëtzebuerg
Kanton Clierf
Gemeng Kanton Clierf
Chef-lieu Clierf
Buergermeeschter Georges Keipes
Awunner 6.327
  1. Januar 2026
Fläch 8.560,7181 ha
Héicht 521 m
Koordinaten 50° 03’ 17’’ N
      06° 01’ 46’’ O
LAU-Code LU0501
Websäit https://www.clervaux.lu/

Kaart

D'Gemeng Clierf (fir d'Awunner Cliärref) ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Clierf an de Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Stad Clierf vun där se och hiren Numm huet.

D'Gemeng huet 6.327 Awunner (Stand 1. Januar 2026)[1][2].

D'Gemeng Clierf läit am Éislek. Den Haaptuert Clierf läit op der Baach Clierf, déi aus dem Zesummelaf vun der Wolz an der Reichelbaach ronn 800 Meter nërdlech vun der Clierfer Gare, entsteet. Am Oste vun der Gemeng mécht d'Our d'Grenz vun der Gemeng (a gläichzäiteg vum Land).

Nopeschgemengen

[änneren | Quelltext änneren]
Wandrous Wäiswampech Wandrous
Wëntger N (D)
W    Clierf    O
S
Wolz Kiischpelt Parc Housen

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

Häff a Lieu-diten

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Clierf ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.

1823 ass d'Gemeng Wäicherdang mat der Gemeng Clierf fusionéiert (bis op d'Sektioun Draufelt, déi bei d'Gemeng Munzen komm ass).

...

Beschreiwung am Originaltext[3]:

De gueules a chef d'or chargé de trois merles de sable becqués et membrés de gueules, rangés en fasce.
D.C. 30. Mee 1896 - Mémorial B 1896, Säit 338 - Projet: Auteur net bekannt
De Wope staamt, virun allem wéinst dem Ëmdréie vun den Haaptemailer, vun deem vun der aler Famill vu Clierf of (d'or au chef de gueules chargé de trois merlettes d'argent), enger Famill déi vun där vu Meesebuerg ofstammt (d'or au chef de gueules chargé de trois mésanges▲■ d'or). déi fir hiren Deel, selwer vun där vu Wiltz ofstaamt (d'or au chef de gueules).
heiandsdo: merlettes
heiandsdo: mésanges au naturel

Gemengefusioun 2012

[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2002 hunn d'Schäfferéit vun de Gemenge Clierf, Hengescht a Munzen sech bei deem deemolegen Inneminister Michel Wolter fir eng méi enk Zesummenaarbecht staark gemaach. De 4. Mee 2006 hunn déi dräi Schäfferéit dem Inneminister hir Absicht matgedeelt fir ze fusionéieren. Doropshi gouf zesumme mam Inneministère en Investitiounsprogramm op d'Bee gesat, deen am Kader vun der Fusioun soll ëmgesat ginn. Et gouf en Informatiounsdokument fir d'Bevëlkerung erstallt, an de Fusiounsprojet gouf de 25. September 2008 a Presenz vum Inneminister Jean-Marie Halsdorf de Leit aus den dräi betraffene Gemengen zu Clierf virgestallt.

Den 12. Oktober 2008 ass an deenen dräi Gemengen e Referendum organiséiert ginn, an dee Referendum ass och zu Gonschte vun där Fusioun ausgaangen. D'Gemengeréit vu Clierf, Hengescht a Munzen hu sech Enn 2008 definitiv fir déi geplangt Fusioun ausgeschwat an hunn enger entspriechender Konventioun mam Lëtzebuerger Staat zougestëmmt. Dës Konventioun gouf de 16. Januar 2009 vun de betraffene Regierungsmemberen ënnerschriwwen.

De 17. Februar 2009 huet den Inneminister de Gesetzesprojet iwwer déi geplangt Fusioun an der Chamber deposéiert. De Staatsrot huet säin Avis den 21. Abrëll 2009 ginn, an d'Gesetz iwwer d'Fusioun vun de Gemenge Clierf, Hengescht a Munzen ass de 7. Mee 2009 eestëmmeg an der Chamber guttgeheescht ginn.

D'Fusioun vun de Gemenge Clierf, Hengescht a Munzen zu enger neier Gemeng mam Numm Gemeng Clierf ass de 5. Dezember 2011 rechtsgülteg gi wéi deen nei gewielte Gemengerot no de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 vum Buergermeeschter Emile Eicher vereedegt gouf. De Buergermeeschter an déi dräi Schäffe goufe schonn de 24. November 2011 vum Inneminister Jean-Marie Halsdorf vereedegt a waren domat am Amt.

Demographesch Entwécklung

[änneren | Quelltext änneren]

Virun der Fusioun (bis 2011)

[änneren | Quelltext änneren]
AwunnerJoer24002700300033003600390042004500180018301860189019201950198020102040AwunnerEntwécklung vun der Awunnerzuel

No der Fusioun (zënter 2012)

[änneren | Quelltext änneren]
AwunnerJoer4500480051005400570060006300660020122015201820212024AwunnerEntwécklung vun der Awunnerzuel


Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.

2017 gouf bei de Gemengewalen an der Gemeng Clierf eng éischt Kéier nom Proporzsystem gewielt; de Gemengerot setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.

D'CSV krut dobäi déi absolut Majoritéit a stellt de Schäfferot.

Zesummesetzung

[änneren | Quelltext änneren]
JoerADRBiergerl.CSVDPgréngPPL
2017016220
202314321-

Biergerl.: Biergerlëst Gemeng Cliärref

Quell: elections.lu

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1844 - 1846: François Julien Arendt[4][5]
  • ...
  • ? - ?: Léopold Bouvier
  • 1862 - ?: Jacques Ensch[6]
  • ...
  • 1895 - 1917: Émile Prüm
  • 1918 - 1921: Johann Peter Jonas
  • 1921 - 1927: Albert Schiltz
  • 1927 - 1934: Nicolas Fogen
  • 1935 - 1941: Joseph Kratzenberg
  • 1945: Georges Wagner
  • 1946 - 1963: Jean Peusch
  • 1964 - 1969: Georges Wagner
  • 1970 - 1975: Bernard Dedoyard
  • 1976 - 1987: Michel Wehrhausen
  • 1988 - 1999: Aloyse Nosbusch
  • 2000 - 11.2005: François Stephany
  • 11.2005 - 02.2007: Guillaume Oestreicher
  • 02.2007 - 11.2011: Yves Arend (CSV)
  • 11.2011 - 06.2023: Emile Eicher (CSV)
  • zanter 07.2023: Georges Keipes (Biergerlëst)[7]

Schoulinfrastruktur

[änneren | Quelltext änneren]

D'Kanner vun der Gemeng Clierf ginn an d'Grondschoul zu Reiler.

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Clierf ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Perséinlechkeeten aus der Gemeng Clierf

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Gemeng Clierf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. STATEC - Population par canton et commune. STATEC - Population par canton et commune. Institut national de la statistique et des études économiques. Gekuckt den 28. Juli 2026.
  3. Jean-Claude Loutsch, Nicolas Lemogne, Marcel Lenertz, Jean-Albert Fisch (Ed.): Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg. Lëtzebuerg, ISBN 2-87969-000-5, S. 67 (fr).
  4. Arrêté royal grand-ducal du 29 décembre 1843, N° 2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché. am Memorial N°3 vun 1844 op legilux.public.lu
  5. Arrêté royal grand-ducal du 1er novembre 1846, N° 2041, accordant au sieur Franç.-Julien Arendt démission honorable de ses fonctions de bourgmestre de la commune de Clervaux. am Memorial N°60 vun 1846 op legilux.public.lu
  6. Nominatioun am Memorial
  7. "Rückschlag für Emile Eicher: In Clerf ist Georges Keipes bereit für den Bürgermeisterposte." wort.lu, 12.06.2023.