Gemeng Dikrech

Vu Wikipedia
Dikrech
ECUSSON DIEKIRCH.png
Stadhaus Dikrech.jpg
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Diekirch
de: Diekirch
Land Lëtzebuerg
Kanton Dikrech
Buergermeeschter Claude Thill (LSAP)
Awunner 7.047
  1 Januar 2021
Fläch 1.241,9905 ha[1]
Koordinaten 49° 52’ 05’’ N
      06° 09’ 24’’ O
Websäit https://diekirch.lu
Map Diekirch.PNG
D'Gemeng Dikrech (orange)
am Kanton Dikrech (rout)

D'Gemeng Dikrech ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Dikrech. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Dikrech vun där se och hiren Numm huet.

Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Déi eenzeg Uertschaft vun der Gemeng Dikrech ass d'Stad Dikrech.

Zur Gemeng gehéieren awer nach follgend Häff a Lieu-diten:

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad ass d'Haaptuertschaft vum Kanton Dikrech a war dat och - vun 1843 bis 2015 - vu sengem Distrikt. Ausserdeem bilt Dikrech, zesumme mat de Gemenge Bettenduerf, Ettelbréck, Ierpeldeng op der Sauer, Schieren a Colmer-Bierg den Zentrum vun der Nordstad. Déi Regioun gëllt, nom IVL, nieft der Stad an Esch-Uelzecht, als drëtten Entwécklungspol vum Grand-Duché.

Flëss a Baachen an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Dikrech läit un der Sauer a bilt d'Grenz zum Éislek. Um Territoire vun Dikrech hunn e puer kleng Baachen hir Quell. Am Norde sinn dat d'Laangmuer, Méchelbaach, eng Baach déi vum Fridhaff duerch de Bamerdall leeft an zu Dikrech an d'Sauer fléisst. Op der Grenz mat der Gemeng Tandel huet d'Suessebaach eng vun hire Quellen an der Gemeng Dikrech. Am Süde sinn et d'Saasselbaach an d'Kiselbaach déi eng vun hire Quellen op Dikrecher Terrain hunn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Dikrech Diecirke gouf fir d'éischt am Joer 1182 an engem Dokument ernimmt.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dikrech.

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Source: STATEC

Politik[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot vun Dikrech gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech zanter 2005 aus 13 Conseilleren zesummen (1999: 11).

Als Folleg vun de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2017 baséiert de Schäfferot, wéi och virdrun, op enger absolutter Majoritéit vun der LSAP.[2]

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Joer CSV DP gréng LSAP
1999 4 2 1 4
2005 5 1 2 5
2011 3 2 1 7
2017 4 1 1 7

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Buergermeeschteren[3],[4][änneren | Quelltext änneren]

...

  • 1728 Nicolas Wagener[5]

...

Jumelagen[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Dikrech ass jumeléiert mat:

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Dikrech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dikrech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
  2. "Die künftigen Schöffenräte im Überblick." wort.lu, 12 Oktober, 2017 um 11:19.
  3. Saviez-vous que Interessantes aus der Geschicht vun Dikrech op csv.lu
  4. Bourgmestres del aville de diekirch 1835 - 1945 am Deiwelselter - Informatiounsblad vun der Gemdng Dikrech - Mäerz 2016
  5. Den Nicolas Wagener op www.deltgen.com
  6. De Jean Mathieu Laeis op www.deltgen.com
  7. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  8. Biographie vum Pierre Pemmers am Tageblatt vum 28. Juni 1922
  9. Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX