Gemeng Groussbus
| Gemeng Groussbus | |
|---|---|
|
| |
|
d'Märei vu Groussbus | |
| Aussprooch | |
| An anere Sproochen |
fr: Grosbous de: Grosbous |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Kanton Réiden |
| Chef-lieu | Groussbus |
| Awunner | 1.134 |
| 1. Januar 2023 | |
| Fläch | 2.011 ha |
| Héicht | 344 m |
| Koordinaten |
49° 49’ 39’’ N 05° 57’ 56’’ O |
| LAU-Code | LU0705 |
| Websäit | http://www.grosbous.lu/ |
|
| |
|
| |
D'Gemeng Groussbus war bis den 31. August 2023 eng lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Réiden. Op den 1. Januar 2023 hat se 1.134 Awunner. De Chef-lieu vun der Gemeng war d'Uertschaft Groussbus vun där se och hiren Numm hat.
Si ass op den 1. September 2023 mat der Gemeng Wal zu der neier Gemeng Groussbus-Wal fusionnéiert.
Uertschaften an der fréierer Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Fusioun
[änneren | Quelltext änneren]2019 hunn d'Pläng vun enger Fusioun mat der Gemeng Wal ugefaangen. De 27. Juni 2021 gouf dofir an deenen zwou Gemengen e konsultative Referendum organiséiert[1]. Zu Groussbus hu 70,42% vun de Wieler fir eng Fusioun gestëmmt (zu Wal waren et der 62,25%)[2][3][4].
Déi nei Gemeng krut den Numm Gemeng Groussbus-Wal, dat neit Gemengenhaus koum op Groussbus, an déi ëmgebaut a vergréissert al Schoul[5].
De Gemengerot fir d'Fusiounsgemeng gouf scho bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 gewielt.[6]
D'Fusioun vun der Gemeng Groussbus mat där vu Wal ass zanter dem 1. September 2023 a Kraaft.
Entwécklung vun der Awunnerzuel an der fréierer Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]
Quell:STATEC
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]| Beschreiwung am Originaltext: Ecartelé en sautoir: aux I et IV de gueules à la quinte-feuille d'oeillet d'argent; aux II et III d'or au lion de gueules, celui du II contourné. |
Politik
[änneren | Quelltext änneren]Buergermeeschtere vun der fréierer Gemeng Groussbus
[änneren | Quelltext änneren]...
- 1.1.1994 - 31.12.2005: Paul Bormann
- 1.1.2006 - November 2011: Nico Simon
- November 2011 - Abrëll 2015: John Elsen.
- Abrëll 2015 - Oktober 2017: Armand Olinger
- 2017 - 2023: Paul Engel
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Groussbus war Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Groussbus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Groussbus
- D'Gemeng Groussbus op der Websäit vum Syvicol
- Säit vum Syndicat d'Initiative Grosbous
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ John Lamberty: "2021: Grosbous und Wahl hoffen auf Ja-Wort der Bürger." wort.lu, 02.01.2021.
- ↑ Marc Hoscheid, Bürgersegen für Gemeindehochzeit, Luxemburger Wort 28.06.2021, S. 14
- ↑ (lb) Groussbus a Wal: Majoritéit vun de Wieler huet fir eng Fusioun gestëmmt. www.rtl.lu. Gekuckt den 28.06.2021.
- ↑ Groussbusser Buet, September 2021
- ↑ "Grosbous: Schule wird Rathaus." wort.lu, 21.12.2021.
- ↑ (de) Definitives Ja zur Fusion zwischen Grosbous und Wahl. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe. wort.lu (04.03.2022) Archivéiert de 04.03.2022. Gekuckt de 04.03.2022.
