Op den Inhalt sprangen

Gemeng Hengescht

Vu Wikipedia
Gemeng Hengescht
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Heinerscheid
de: Heinerscheid
Land Lëtzebuerg
Kanton Clierf
Gemeng Clierf
Awunner 681
  1. Januar 2023
Fläch 3.429,67 ha
Héicht 520 m
Koordinaten 50° 5’ 44’’ N
       5’ 16’’ O
Websäit http://www.heinerscheid.lu/

Kaart

D'Gemeng Hengescht, oder Hengischt, wéi d'Leit aus där Géigend soen, war bis de 5. Dezember 2011 eng vun den deemools 116 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg. Hiren Numm hat se vun der Uertschaft Hengescht.

Uertschaften a Lieu-diten an der fréierer Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Hengescht huet am nordëstlechen Éislek am Kanton Clierf geleeën, matzen am Naturpark Our mat engem Héichtenënnerscheed vun 266 m tëscht dem besiidelte Plateau (542 m) an dem Ourdall (276 m). Zu Léiler huet d'Gemeng um Lieu-dit Trois-frontières d'Grenz mat der Belsch an Däitschland gemaach, a ronderëm louchen d'Gemenge Clierf, Munzen, Wäiswampech a Wëntger.

Gemengefusioun 2012

[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2002 hunn d'Schäfferéit vun de Gemenge Clierf, Hengescht a Munzen sech bei deem deemolegen Inneminister Michel Wolter fir eng méi enk Zesummenaarbecht staark gemaach. De 4. Mee 2006 hunn déi dräi Schäfferéit dem Inneminister hir Absicht matgedeelt fir ze fusionéieren. Doropshi gouf zesumme mam Inneministère en Investitiounsprogramm op d'Bee gesat, deen am Kader vun der Fusioun soll ëmgesat ginn. Et gouf en Informatiounsdokument fir d'Bevëlkerung erstallt, an de Fusiounsprojet gouf de 25. September 2008 a Presenz vum Inneminister Jean-Marie Halsdorf de Leit aus den dräi betraffene Gemengen zu Clierf virgestallt.

Den 12. Oktober 2008 ass an deenen dräi Gemengen e Referendum organiséiert ginn, an dee Referendum ass och zu Gonschte vun där Fusioun ausgaangen. D'Gemengeréit vu Clierf, Hengescht a Munzen hu sech Enn 2008 definitiv fir déi geplangt Fusioun ausgeschwat an hunn enger entspriechender Konventioun mam Lëtzebuerger Staat zougestëmmt. Dës Konventioun gouf de 16. Januar 2009 vun de betraffene Regierungsmemberen ënnerschriwwen.

De 17. Februar 2009 huet den Inneminister de Gesetzesprojet iwwer déi geplangt Fusioun an der Chamber deposéiert. De Staatsrot huet säin Avis den 21. Abrëll 2009 ginn, an d'Gesetz iwwer d'Fusioun vun de Gemenge Clierf, Hengescht a Munzen ass de 7. Mee 2009 eestëmmeg an der Chamber guttgeheescht ginn.

D'Fusioun vun de Gemenge Clierf, Hengescht a Munzen zu enger neier Gemeng mam Numm Gemeng Clierf ass de 5. Dezember 2011 rechtsgülteg gi wéi deen nei gewielte Gemengerot no de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 vum Buergermeeschter vereedegt gouf. De Buergermeeschter an déi dräi Schäffe goufen de 24. November 2011 vum Inneminister Jean-Marie Halsdorf vereedegt.

Schoulinfrastruktur

[änneren | Quelltext änneren]

D'Kanner vun der Gemeng Hengescht sinn op Reiler an déi deemoleg interkommunal Grondschoul vun de Gemenge Clierf, Hengescht a Munzen gaangen.

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • ...
  • 24.11.2005 - 05.12.2011: Raymond Thielen
  • 13.02.1996 - 23.11.2005: Camille Eilenbecker[1]
  • 01.08.1989 - 05.12.1995: Jean Lentz
  • 01.01.1970 - 01.06.1989: Bernard Linckels
  • ...
  1. Norden; Ende des Sonderwegs. In: d'Lëtzebuerger Land, 52. Jg., nº 41 (14.10.2005), p. 10 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].