Gemeng Jonglënster
| Gemeng Jonglënster | |
|---|---|
|
| |
|
d'Märei vu Jonglënster | |
| Aussprooch | |
| An anere Sproochen |
fr: Junglinster de: Junglinster |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Kanton Gréiwemaacher |
| Chef-lieu | Jonglënster |
| Buergermeeschter | Bernard Ries (DP) |
| Awunner | 8.800 |
| 1. Januar 2024 | |
| Fläch | 55,38 km² |
| Héicht | 305 m |
| Koordinaten |
49° 42’ 40’’ N 06° 15’ 05’’ O |
| LAU-Code | LU1105 |
| Websäit | https://www.junglinster.lu/ |
|
| |
|
| |
D'Gemeng Jonglënster (fir d'Awunner Lënster) ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Gréiwemaacher an de Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Jonglënster vun där se och hiren Numm huet.
Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1]
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften an der fréierer Gemeng Jonglënster:
Uertschaften an der fréierer Gemeng Roudemer:
Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Jonglënster:
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng ass den 1. Januar 1979 aus der Fusioun vun der fréierer Gemeng Jonglënster mat der Gemeng Roudemer entstanen, duerch e Gesetz vum 23. Dezember 1978, verëffentlecht am Mémorial A-89 vum 29. Dezember 1978.
Entwécklung vun der Awunnerzuel
[änneren | Quelltext änneren]
Quell:STATEC
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]| Beschreiwung am Originaltext: d'argent à deux pals de gueules, à la croix tréflée de sable brochant sur le tout. |
Politik
[änneren | Quelltext änneren]De Gemengerot vu Jonglënster gëtt zanter 1987 nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech zanter 2011 aus 13 (virdrun: 11) Conseilleren zesummen.
De Schäfferot, deen aus de Gemengewale vun 2011 ervirgoung, huet sech op eng Koalitioun vun CSV an LSAP gestäipt, zanter deene vun 2017 ass et eng CSV-DP-Koalitioun.[2]
Zanter de Gemengewalen 2023 ass de Bernard Ries (DP) Buergermeeschter vu Jonglënster.

Zesummesetzung
| Joer | CSV | DP | gréng | LSAP | AB |
|---|---|---|---|---|---|
| 1999 | 4 | 4 | 1 | 3 | - |
| 2005 | 4 | 3 | 2 | 2 | - |
| 2011 | 4 | 4 | 2 | 3 | - |
| 2017 | 5 | 4 | 2 | 2 | - |
| 2023 | 4 | 5 | 2 | - | 2 |
AB: Är Bierger
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]- Baron Georges d'Arnould
- Jean Guillaume Flammant
- Baron Georges de Soleuvre
- Pantaléon Procope
- 1843 - 1863: Antoine Putz [3]
- 1863 - 1888: Edouard Klein[4]
- 1882 - 1917: Félix Pütz
- 1918 - 1934: Urbain Lambert[3]
- 1935 - 1945: Bernard Clement
- 1945 - 1954: Jean-Pierre Buchholtz
- 1955 - 1960: René Koltz
- ... - ...: Alphonse Greis
- ... - ...: Gaston Stein
- 1980 - 1987: Roger Erpelding
- 1988 - 2000: Denis Dimmer[5]
- ... - ...: François Ries
- 2006 - 2007: Denis Dimmer
- 2007 - 2009: Françoise Hetto-Gaasch
- 2009 - 2015: Francine Colling-Kahn
- 2015 - 2023: Romain Reitz, CSV
- zanter 2023: Ben Ries, DP
Jumelage
[änneren | Quelltext änneren]Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Jonglënster ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- De Regëster, stole Skulptur virum Gemengenhaus;
- D'Kierch vu Jonglënster;
- D'Kierch vu Buerglënster;
- D'Schlass vu Buerglënster;
- D'Sendetierm vum RTL-Sender vu Jonglënster;
- D'Sender vu Beidler;
- Eech zu Guedber;
- D'Häerdcheslee.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- René Link, Francis Dahm: Die Geschichte des Gemeinderates von Junglinster. 2017.
- Armand Schleich, Annette Weiwers-Probst, Sven Fiedler, Michel Schuller: Wenn Steine reden: Gemeinde Junglinster – Ihre Geschichte – Ihre Bauwerke. 2018. ISBN 978-99959-0-404-3.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Jonglënster – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Jonglënster
- D'Gemeng Jonglënster op der Websäit vum Syvicol
- Loi du 23 décembre 1978 portant fusion des communes de Junglinster et de Rodenbourg (fr)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen, déi de Kadaster unhand vu sengen Attributiounen, déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am « Registre national des localités et des rues » opgezielt sinn. Häff a Lieu-dite sinn déi localités, wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn. Verschiddener goufen allerdéngs un d'Schreifweis vun haut ugepasst.
- ↑ "Reitz Buergermeeschter, Hetto a Baum Schäffen." rtl.lu, 11.10.2017, 15:40:26.
- 1 2 Die Bürgermeister im Distrikt Grevenmacher 1843—1933. In: Obermosel-Zeitung, 54. Jg., nº 81, Drittes Blatt (07.04.1934), p. 1 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- ↑ Fanfare de Junglinster: Junglinster au fil des siècles, 1968, S. 92 (gëllt och fir d'Amtszäite vun den nofollgende Persoune bis 1968).
- ↑ "Denis Dimmer war unermüdlich im Einsatz." Luxemburger Wort, 1. Mäerz 2022
