Gemeng Kolmer-Bierg
Kolmer-Bierg | |
---|---|
![]() | |
![]() D'Gemengenhaus | |
An anere Sproochen |
fr: Colmar-Berg de: Colmar-Berg |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Miersch |
Buergermeeschter | Gast Jacobs |
Awunner | 2.187 (1 Januar 2019) |
Fläch | 1.231 ha |
Koordinaten |
49° 48’ 42’’ N 06° 05’ 32’’ O |
Websäit | http://www.colmar-berg.lu |
D'Gemeng Kolmer-Bierg (orange) am Kanton Miersch (rout) | |
D'Gemeng Kolmer-Bierg ass eng vun den 102 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg am Kanton Miersch.
Inhaltsverzeechnes
Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]
D'Gemeng Kolmer-Bierg setzt sech aus den Uertschafte Bierg, Kolmer a Welsduerf zesummen.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
Duerch Gesetz vum 25. Mäerz 1991 gouf den Numm vun der Gemeng vu Berg op Colmar-Berg geännert.
Häre vu Bierg[änneren | Quelltext änneren]
Am 16. Joerhonnert gouf et zu Bierg en etlech grouss Proprietéite mat Schlässer. De gréissten Deel dovu war an den Hänn vun der Famill Von der Horst, déi ëm 1615 der Koppel Von Heisgen-Woordt alles verkaaft huet. Deenen hiert Kandskand de Johann Gerhard von Heisgen huet nach en etlech Terrainen dobäikaaft. Him ass d'Parkierch, déi 1744 gebaut gouf, ze verdanken. Déizäit huet Bierg zur Par Biissen gehéiert, bis et 1803 eng eege Par gouf.
De Johann von Heisgen a seng Fra d'Marie-Anne de Moreau haten zwee Meedercher, d'Maria Klara Gisberta (*1719) an d'Maria Gisberta Johanna (*1722).
D'Maria Klara hat sech mat engem franséische Capitaine dem Antoine Leclerc de Vrainville aus dem Herzogtum Bar a Loutrengen bestuet. Si hat d'Herrschaft Bierg geierft, an d'Gisberta déi sech mat dem Jean-Baptiste Thierry de Saint-Baussant bestuet huet, hat Folkendeng kritt hat.
Den de Vrainville huet op groussem Fouss gelieft, a lues a lues d'Verméige verpolvert an nach e Pak Schold dobäi gemaach. Besonnesch vill Schold hat hie bei der Maria Gisberta vu Blochausen der Besëtzerin vun der Kolmer Schmelz. 1764 koum sou déi ganz Proprietéit an d'Hänn vun der Famill vu Blochhausen.
Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC
Politik[änneren | Quelltext änneren]
Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]
- 1815-1821: Jean-Baptiste Papier[1]
- 1844: Mathias Maillet [2]
- ...
- 1994-2011: Fernand Diederich.
- 2011-2017: Gast Jacobs
- zanter 2017: Christian Miny
Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]
Den amerikanesche Pneuefabrikant Goodyear gehéiert mat 3.300 Aarbechter zu de gréisste Patronen zu Lëtzebuerg. Zanter 1957 huet d'Goodyear zu Kolmer-Bierg en Technical Center, dee virun allem Pneue fir den europäesche Maart entwéckelt. Donieft ginn zu Kolmer-Bierg och nach Camionspneuen a Sécherheetspneue produzéiert.
Infrastrukturen[änneren | Quelltext änneren]
Zu den Infrastrukture vu Kolmer-Bierg zielen:
- e Centre culturel
- eng Sportshal
- 3 Foussballsterrainen
- 5 Tennisterrainen (5-mol French Court)
- en ëffentleche Park
- eng Gare (d'Gare Kolmer-Bierg)
- e Scoutschalet
- eng Kierch
- eng Post
- eng Schoul
- Kolmer-Bierg huet ee Précoce, eng Spillschoul, eng Grondschoul an eng Maison relais. 2005 gouf de Bau vun engem neie Schoulkomplex mat 4 Klassesäll fir d'Spillschoul, 2 Klassesall fir de Précoce an engem Schoulrestaurant beschloss. Dëse Schoulkomplex, deen 6.429.475 € kascht huet, gouf fir d'Rentrée 2008/2009 fäerdeg.
- eng Schwämm
- D'Schwämm vu Kolmer-Bierg huet een Haaptbaseng vun 25x10m an een Niewebaseng vun 10x10m. D'Schwämm ass zanter dem August 2009 bis Mëtt 2011 zou well en neie Komplex mat Wellness-Beräich bäigebaut gëtt, an den alen Deel komplett renovéiert gëtt. Den Devis gëtt op 11.319.816 € chiffréiert, wouvun de Sportministère 4,5 Millioune bezillt, a Kolmer-Bierg 850.000 €. Der Rescht vun de Käschte gëtt op déi aner 7 Gemenge verdeelt, deenen hir Schoulklasse vun der Schwämm profitéieren, an zwar am Verhältnes zu de Stonnen déi se fir sech reservéiert hunn. D'Soumissioun fir d'Aarbechten gëtt den 21. Juni 2010 op der Kolmer Gemeng opgemaach.
Verkéier[änneren | Quelltext änneren]
Stroosseverkéier[änneren | Quelltext änneren]
Kolmer-Bierg ass un de Stroosseverkéier ugeschloss iwwer d'Autobunn A7, d'Schnellstrooss B7, d'Nationalstroossen N7 an N22, an d'Chemin reprisen CR345 an CR123.
Ëffentlechen Transport[änneren | Quelltext änneren]
Eisebunn[änneren | Quelltext änneren]
Duerch d'Kolmer Gare fiert d'CFL-Linn 1 Lëtzebuerg-Ëlwen.
Et gëtt nach eng Eisebunnslinn vu Kolmer bis op Biissen, déi fréier zu der Atertlinn gehéiert huet. Dës Linn gëtt nëmmen nach geleeëntlech fir Giddertransport benotzt.
Bussen[änneren | Quelltext änneren]
Kolmer gëtt vun den RGTR-Buslinne 400, 508, 510, 511, 515, 517, 518, 752, 800, 803, 805, 808, 810, 812, 815, 817, 819, 820, 822, 825, 834, 840, 842, 848 an 946 ugefuer.
Veräiner[änneren | Quelltext änneren]
Kolmer-Bierg huet 18 Veräiner, dorënner 6 Sportsveräiner:
- Action catholique des femmes du Luxembourg
- Association des parents
- Chorale St. Cécile
- Club des jeunes
- Croix-Rouge
- Football ASC
- Frënn vum Velo Colmar-Berg
- Goodyear Fëscherclub
- Goodyear Photoclub Colmar-Bierg
- Harmonie grand-ducale Orania
- Indiaca
- Seniorenclub 2006 asbl Colmar-Berg
- Service d'incendie de la commune de Colmar-Berg
- Société gymnastique Alouette
- Supporterclub ASC
- Syndicat d'initiative
- Tennis Club
Partnerstad[änneren | Quelltext änneren]
Zanter 2004 ass Kolmer-Bierg d'Partnerstad vu Weilburg an Däitschland. Kolmer-Bierg ass d'Residenz vum Lëtzebuerger Herrscherhaus, dat vu Weilburg kënnt.
Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]
- Schlass Bierg
- Kierch Kolmer-Bierg
- De Park
Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Kolmer-Bierg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Kolmer-Bierg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Websäit vun der Gemeng Kolmer-Bierg
- D'Gemeng Kolmer-Bierg op der Websäit vum Syvicol
- D'Gesetz vum 25. Mäerz 1991 iwwer d'Ännerung vum Gemengenumm. "Loi du 25 mars 1991 portant modification du nom de la commune de Berg en celui de Colmar-Berg"
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Buch "La famille PAPIER, Famille de Mme de MUNKACSY" vum Dr. Jean-Claude Loutsch
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844