Op den Inhalt sprangen

Gemeng Lëntgen

Vu Wikipedia
Gemeng Lëntgen
d'Märei vu Lëntgen
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Lintgen
de: Lintgen
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Miersch
Chef-lieu Lëntgen
Buergermeeschter Louis Pinto
Awunner 3.487
  1. Januar 2024
Fläch 1.525 ha
Héicht 336 m
Koordinaten 49° 43’ 0’’ N
      06° 08’ 0’’ O
LAU-Code LU0407
Websäit http://www.lintgen.lu/

D'Gemeng Lëntgen ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Miersch. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Lëntgen, vun där se och hiren Numm huet.

Uertschaften an der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

Zur Gemeng gehéiert nach de Plankenhaff.

D'Lëntgener Spillschoul

D'Gemeng Lëntgen läit am Dall vun der Uelzecht am Südoste vum Kanton Miersch am Zentrum vum Land. D'Nopeschgemenge si Miersch am Nordwesten, Fëschbech am Nordosten a Luerenzweiler am Süden.

D'Gemeng huet eng Fläch vu 1.524 Hektar, dovu 760 Hektar Bësch, 600 Hektar landwirtschaftlech Fläch a 70 Hektar urbaniséiert Fläch. An der Gemeng gëtt et 21,43 Kilometer befestegt Stroossen a Weeër.

Den héchste Punkt läit bei 414 Meter, den déifste Punkt bei 210 Meter[1].

Mat Ausnam vum Plankenhaff, deen op engem Héichplateau ëstlech vun der Uelzecht läit, hu sech d'Dierfer an der Dällt an op den Häng riets a lénks vum Floss entwéckelt.[2]

Geologesch gesi gehéiert Lëntgen zur Regioun Guttland. Hei gëtt et déi – fir den Zentrum fir Lëtzebuergesch – typesch „Stufeladschaft“, wou sech iwwer d'Joerdausende vill Waasserleef duerch de lëtzebuergesche Sandstee bis an déi méi mëll Mergelschichten gegruewen hunn, wouduerch breet Däller an Héichplateauen entstane sinn.

Mat hire grousse Felder a Bëscher an de ganz fruchtbare Flossdäller gehéiert dës Regioun zu de landwirtschaftlech produktiivste Gebidder vum Land. Zesumme mat den einfach zougängleche Sandsteenoflagerungen huet dëst zu der Entwécklung vu grousse landwirtschaftleche Wiesen, de sougenannte Guttland-Bauerenhäff, gefouert.[2]

Lëntgen, als geologesch a klimatesch gënschteg Regioun, gouf scho fréi besidelt, wéi archeologesch Fondplazen – vun der Jongsteenzäit bis zum Mëttelalter – ronderëm den dräi Dierfer dat beweisen.

Déi éischt Dokumenter déi d'Uertschaften an der Gemeng nenne si vun 896 fir Lëntgen, 940 fir Gousseldeng an 960 fir Pretten.

Déi haiteg Gemeng ass 1804, no der Franséischer Revolutioun, duerch d'Fusioun vun den zwou Kadastersektioune Lëntgen a Pretten / Gousseldeng entstanen. Deemools gouf och eng separat Par gegrënnt, déi sech domat vun der Par Miersch getrennt huet.

An den nächste Joerzéngte sinn e puer Schoulgebaier, d'Kierch vu Lëntgen a géint Enn vum 19. Joerhonnert d'Kapell vu Gousseldeng gebaut ginn, vun deenen awer bis haut just nach déi reliéis Gebaier erhale bliwwe sinn.[2]

Entwécklung vun der Awunnerzuel

[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Op den 1. Mäerz 2012 hunn an der Gemeng Lëntgen 2.700 Leit gewunnt, dovun 2.082 an der Uertschaft Lëntgen, 516 zu Gousseldeng an der 102 zu Pretten.

57,4 % vun den Awunner ware Lëtzebuerger. Déi meescht Auslänner hunn d'Portugise mat 673 Persounen (25 %) gestallt, duerno d'Fransouse mat 70 Persounen (2,6 %).

Awunner vun der Gemeng Lëntgen no Uertschaft an Nationalitéit (Stand 01.03.2012):
Nationalitéit Lëntgen Gousseldeng Pretten Gemengentotal
Luxembourg Lëtzebuergesch 1 128 356 67 1 551
Portugal Portugisesch 577 79 17 672
France Franséisch 49 16 5 70
Germany Däitsch 48 10 4 62
Belgium Belsch 44 3 2 49
Spain Spuenesch 38 1 0 39
Italy Italieenesch 29 8 2 39
United Kingdom Brittesch 21 1 0 22
Poland Polnesch 5 17 0 22
Cape Verde Kapverdianesch 19 1 0 20
Netherlands Hollännesch 15 2 2 19
Denmark Dänesch 10 5 0 15
Aner Nationalitéiten 87 17 3 135
Total 2 082 516 102 2 700
Beschreiwung am Originaltext:

coupé-ondé; en chef d'or à deux étoiles, à huit rais de gueules posées en fasce, en pointe d'azur à la croix pattée et alésée d'or
D.C. 5. Abrëll 1982 - A.M. 24. Mee 1982 - Mémorial B 1982, Säit 578 - Projet: Marcel Lenertz 1981 .

Lëntge war bis d'Gemengewalen 2017 eng Majorzgemeng. Bei deene vum 11. Juni 2023 gouf de Gemengerot eng éischt Kéier nom Proporzsystem gewielt. Zur Wal stoungen dunn och 11 amplaz 9 Gemengeréit[3].

Resultater

Joer DPDNE*EBL*
2023[4] 245

*DNE: Di nei Ekipp; EB: Engagéiert Bierger Lëntgen
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen

De Schäfferot, deen 2023 aus de Gemengewalen ervirgoung, gëtt vun enger Koalitioun aus den Engagéierte Bierger an der DP gedroen. Buergermeeschter gëtt de Louis Pinto (EBL).[5]

Buergermeeschteren[6]

[änneren | Quelltext änneren]

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Lëntgen ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

 Commons: Lëntgen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr) La commune en chiffres. www.lintgen.lu Archivéiert de 06.07.2020. Gekuckt de 06.07.2020.
  2. 1 2 3 (de) Inventar der Baukultur im Großherzogtum Luxemburg, Gemeinde Lintgen (PDF). inpa.public.lu. Gekuckt den 11.11.2025.
  3. (de) So bereitet sich Lintgen auf die Wahlen nach Proporzsystem vor. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (05.08.2022) Archivéiert de 15.08.2022. Gekuckt de 15.08.2022.
  4. (fr) Lintgen. elections.public.lu. Gekuckt den 12.06.2023.
  5. "Lëntgen: Schäfferot steet - Louis Pinto ass neie Buergermeeschter." rtl.lu, 12.06.2023.
  6. %20September.pdf Lëscht mat de Buergermeeschterem 1908-2008 vum Emile Gruber an der Publikatioun de Gemengebuet. Informatiounsblat vun der Gemeng Lëntgen. – Nr. 10, September 2008, Säit 43
  7. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844